Ekonomesch RelatiounenKatar-Lëtzebuerg: eng kuerz Frëndschaft?

Anne Wolff
Den 20. November fänkt am Katar d'Futtball-Weltmeeschterschaft un. Mir kucken zeréck op intensiv ekonomesch Relatiounen tëscht Lëtzebuerg an dem Katar.
Katar-Lëtzebuerg: eng kuerz Frëndschaft?
Katar-Lëtzebuerg: eng kuerz Frëndschaft?

Sief et d’BIL, d’Cargolux oder d’KBL - Lëtzebuerger Institutiounen, an déi de Katar sech viru gutt 10 Joer akaaft huet.

Katar- Lëtzebuerg-Frëndschaft / Reportage vum Anne Wolff

Lëtzebuerg hat d’Emirat 2011 kuerz no der Finanzkris als strategesche Partner an d’Viséier geholl. Deemools war Realpolitik ugesot. Eng Zesummenaarbecht mat der SES war am Gespréich, de Finanzement vun der Stäreplaz leeft och eng Zäit iwwert de Katar.

Déi kataresch Investissementer hunn deemools fir vill Kritik gesuergt. Et huet ee sech Froe gestallt, wéi d’Zesummenaarbecht mat den neie Geschäftspartner ausgesi soll. Deemools wéi haut goufen et Zweiwel um bekannte Slogan “Wandel duerch Handel”.

De deemolege Reproche: D’Geschäfter mam Qatar waren en intransparenten Elenggang vum Finanzminister.

D’Partnerschaft mat Qatar Airways hat net laang gehale, séier huet missen en neien Aktionär hier, well ee mat de Katarer awer net eens ginn ass. D’Chinesen hunn déi Parten opkaaft, grad ewéi d’Parte vun der BIL. D’Quintet Bank gehéiert haut nach der katarescher Holding Precision Capital, ma méi aktiv sinn d’arabesch Emirater, déi hir Büroe just e puer Meter méi wäit um Hamilius hunn.

War déi Partnerschaft also e Feeler? Do ginn d’Meenungen auserneen.

De Carlo Thelen, Direkter vun der Chambre de Commerce, fënnt net, schliisslech misst ee pragmatesch denken. Duerno wier een natierlech ëmmer méi schlau, mee dat kéint een am Viraus net wëssen. Den RTL- Journalist Petz Bartz gesäit esou Relatioune méi kritesch. Mir kréichen ëmmer nees gewisen, dass de Grondsaz “Wandel duerch Handel” net géing funktionéieren. Et kéint ee seng eege Wäerter net iwwerall an d’Welt exportéieren.

Back to Top
CIM LOGO