
Anescht war et bei de Bussen vun de Privat-Entreprisen, déi virop am Optrag vum RGTR ënnerwee sinn. De Bilan ass u sech zweeschneideg sot eis den Hendrik Kühne. Hien ass de Generalsekretär vun der FLEEA, der Federatioun vun de private Bus-Entreprisen
“Virun 2 Deeg wéi mer just Glatäis haten, war et net grad esou schlëmm. Schlëmm war et gëschter wéi op d’Glatäis de Schnéi koum...”Et gouf Mëtt der Woch beim Äis a beim Schnéi wuel e puer Téitschen. D’Betriber mussen dat nach genee opschaffen.
Et hat vu verschiddene Säiten Kritik ginn. Beispill d’Aussoen am Tageblatt vum President vun der Personaldelegatioun vum TICE, deem et en Donneschden u kloren Instruktiounen aus dem Transportministère gefeelt huet, derbäi d’Kritik, dass vill Busse vu Privatentreprisen trotz dem Wanterwieder ënnerwee waren.
D’Ausgangspositioun ass eng aner, seet den Hendrik Kühne:
“Bei eis am Secteur ass keng sou Uerder komm vun der ATP, der Administration des transport publics, déi den RGTR geréiert. Bei eis war et ëmgekéiert, dass also d’Entreprisen, fir net mussen ze fueren, hu missen eng Autorisatioun vun der ATP ufroen, déi se och ginn huet. Mir sinn an engem Kontrakt mam Staat an eis Betriber kënnen net eleng decidéieren, mir hunn elo keng Loscht ze fueren”.
Wéi sou dacks koum och de Sujet Wanterpneue fir Bussen op d’Tapéit. Déi sinn obligatoresch op der Antriebsax. Déi meescht Entreprisen hunn Wanterpneuen op all de Rieder. Et wier och net onbedéngt eng Fro vum Pneu gewiescht
“Dat war de Problem vun der Maintenance vun der Strooss: Schnéi op Äis”, esou de Generalsekretär vun der FLEEA.