Debat an der ChamberWéi kann ee géint d'Hausse vun der Kriminalitéit virgoen?

Pierre Jans
D'Kriminalitéit zu Lëtzebuerg ass eropgaangen. D'Police huet zejoert méi Affären opgemaach a méi Infraktioune registréiert ewéi d'Joer virdrun.

Iwwer 54.000 Verstéiss waren et: net grad 150 den Dag. Dat ass eng Hausse vu 27 Prozent par rapport zu 2021. Virun allem gouf méi agebrach a geklaut.

Wéi sécher ass Lëtzebuerg nach? Eng Fro, déi polariséiert. Grad och an der Chamber, wou d’ADR d’Sécherheet e Mëttwoch zum Thema gemaach huet.

Chamber-Debat iwwer d’Hausse vun der Kriminalitéit / Pierre Jans

Den ADR-Deputéierte Fred Keup huet sech als Presentateur versicht an ënnert anerem dës Noriicht vun Enn Abrëll virgelies: “Grupp vun 20 jonke Männer huet e Sonndeg um 18 Auer zwee aner jonk Männer am Stater Park attackéiert. Dobäi ass eent vun den zwee Affer mat engem Messer um Bauch schwéier blesséiert ginn.”

Vu brutale Jugendbanden huet hie geschwat. Lëtzebuerg géif zu de geféierlechste Länner an Europa gehéieren. Mord und Totschlag. Diametral dozou d’Replik vum Stéphanie Empain vun déi Gréng: “Mir liewen nach ëmmer an engem séchere Land. Ech wiere mech géint déi Schwaarzmolerei.”

Fakt ass: D’Kriminalitéit huet zougeholl. An déi gëllt et ze bekämpfen. Wärend déi Gréng an déi Lénk – no der Thees “Et kënnt kee kriminell op d’Welt, mä dat soziaalt Ëmfeld an d’Educatioun sinn ausschlaggebend” – generell méi op de Volet Preventioun setzen, konzentréiere sech ADR an CSV op déi kuerzfristeg Bekämpfung vun de Kriminellen. Dat geet fir de Léon Gloden vun der CSV mam Equipement vun de Polizisten un: “Mir brauche bessert Equipement fir eis Polizisten wéi zum Beispill Taseren a Bodycams.”
Eng Testphas mat Bodycammen hätt Kloerheet kënne bréngen. Elo deet d’Regierung sech schwéier mat engem Gesetz, monéiert den CSV-Deputéierten.

Ma och d’DP wéilt d’Suergen aus de Reie vun de Polizisten Eescht huelen, erkläert de Claude Lamberty:

“Wéi dacks héiert ee vum Terrain: ‘Mir wousste wien et wär, mir hu se och gepëtzt a kuerz duerno stounge se nees do.’ Dat ass net motivant fir d’Beamten. A sécherlech keng Ofschreckung. Wat soll een dogéint maachen?”

Gutt Fro. Den DP-Deputéierte proposéiert, fir verschidden Infraktiounen d’Méiglechkeet vun engem séieren Urteel no der Festnam anzeféieren. An der Diskussioun goufe vill Aspekter thematiséiert. Firwat steet zum Beispill d’Drogekriminalitéit méi am Fokus ewéi déi mat de Finanzen, freet sech d’Nathalie Oberweis vun déi Lénk:“Well et wuel éischter wäiss Männer a Kostümer sinn, déi se beginn a mat dran hänken.”

An iwwer deem Ganze géif dem Freed Keup no d’Fro stoen, wéi vill vun deem, wat am Land leeft, d’Populatioun iwwerhaapt gewuer gëtt: “An den Ae vu ville Leit an och vu Polizisten ass et esou, dass d’Regierung d’Kriminalitéit verheemlecht, fir d’Bevëlkerung net ze beonrouegen.”

Dogéint huet de Policeminister Henri Kox sech kategoresch gewiert.

Back to Top
CIM LOGO