Héich Temperaturen am AutoWéi reagéieren, wann e Mënsch oder Déier Hëllef brauch?

RTL Lëtzebuerg
D'Temperaturen dobausse sinn nees summerlech waarm. Ma wat un der frëscher Loft agreabel ass, kann an engem geparkten Auto séier geféierlech ginn.

Scho bei 20 Grad Baussentemperatur kann et bannent enger Stonn am Auto 46 Grad waarm ginn. Bei 30 Grad dobaussen ass dës Temperatur am Auto scho bannent enger hallwer Stonn erreecht an no enger Stonn weist den Thermometer scho 54 Grad un. Wann d’Temperaturen op 38 Grad klammen, kann et am Auto esouguer bannen enger Stonn 64 Grad waarm ginn.

Den 112 oder 113 uruffen an d’Situatioun genee beschreiwen

Et sinn Temperaturen, déi fir Mënsch an Déier séier kënne geféierlech ginn. Wéi also reagéieren, wann een eng Persoun, e Mupp, oder eng Kaz gesäit, déi bei grousser Hëtzt an engem Auto agespaart ass?

Der Police no sollt ee sech fir d’éischt emol en Iwwerbléck iwwer den Zoustand vun der Persoun oder dem Déier verschafen. Sollt een den Androck kréien, dass et der Persoun oder dem Déier net gutt geet, sollt een direkt den 112 oder den 113 uruffen. Wann et konkret Hiweiser drop ginn, dass d’Liewewiesen am Auto an enger imminenter Gefor ass, ass een esouguer gesetzlech dozou verflicht ze hëllefen.

Am Fall vun engem Mënsch ass am Artikel 401-1 vum Code pénal festgehalen, dass een enger Persoun an enger Noutlag hëllefe muss, ouni sech dobäi selwer a Gefor ze bréngen. Am Fall vun engem Déier ass am Déiereschutzgesetz festgehalen, dass et verbueden ass, engem Déier, dat leit oder sech a Gefor befënnt, net ze hëllefen.

Wann een da mam 112 oder 113 um Telefon ass, sollt een dem Operateur alleguer déi néideg Informatioune ginn. Jee no Situatioun kann den Operateur der Persoun op der Plaz éischt Instruktioune ginn, wéi si sech verhale soll. Iwwerdeems kann dann och Hëllef op d’Plaz geschéckt ginn.

Jee no Situatioun kënne verschidde Strofen a Fro kommen

Eng Fro, déi ee sech och stelle kann, ass déi, ob et eng Strof no sech zitt, wann een e Mënsch oder Déier bei grousser Hëtzt am Auto zeréckléisst. Well déi genee Strof hei ëmmer vun der jeeweileger Situatioun ofhänkt, kann d’Police keng pauschal Äntwert ginn.

Wann een eng aner Persoun zum Beispill aus Mangel u Virsiicht am Auto zeréckléisst a si doduerch zu Schued kënnt, kann een zu enger Geldstrof vun tëscht 500 a 5.000 Euro oder enger Prisongsstrof vun tëscht 8 Deeg an 2 Méint verurteelt ginn. Dat ass am Artikel 420 vum Code pénal festgehalen.

Wann een en anere Mënsch express an engem Auto aspäert, an dës duerch héich Temperaturen zu Schued kënnt, kënnen eng Partie Artikele vum Code pénal gräifen an et kënnen deementspriechend ënnerschiddlech Strofen a Fro kommen.

Bei den Déieren, déi bei grousser Hëtzt am Auto zeréckgelooss ginn, gëtt d’Gesetz da méi spezifesch. Sou steet am Punkt 17 vum Artikel 12 vum Déiereschutzgesetz, dass et verbueden ass, engem Déier ouni dass dat néideg ass, Leed zouzefügen. Ausserdeem ass am Artikel 8 vum Réglement grand-ducal iwwer d’Déierenhaltung explizitt festgehalen, dass et verbueden ass, en Déier iwwer e längeren Zäitraum an engem geparkte Gefier ze loossen, dat an der Sonn steet.

Wann een dat trotzdeem mécht, riskéiert een eng Geldstrof vun tëscht 251 an 200.000 Euro oder eng Prisongsstrof vun tëscht 8 Deeg an 3 Joer.

Schreiwes vum Ministère

Canicule: veiller au bien-être animal (06.07.2023)
Communiqué par : ministère de l’Agriculture, de la Viticulture et du Développement ruralEn vue des températures élevées annoncées pour les prochains jours, l’Agence luxembourgeoise vétérinaire et alimentaire (ALVA) du ministère de l’Agriculture, de la Viticulture et du Développement rural appelle les détenteurs d’animaux domestiques, de rente et d’élevage à garantir le bien-être animal et de respecter les mesures suivantes:

• Les animaux doivent avoir en permanence de l’eau en quantité et en qualité suffisantes à leur disposition;
• Les animaux ne doivent pas être abandonnés, même pas pour un court laps de temps, dans des véhicules en stationnement exposés au soleil;
• Les animaux ne peuvent être contraints à des exercices physiques excessifs durant les heures chaudes de la journée;
• Les animaux tenus à l’extérieur doivent disposer d’un abri naturel ou artificiel adéquat afin de pouvoir se protéger du soleil.

Back to Top
CIM LOGO