Coursë vum CGDISWéi soll ee bei Accidenter Doheem reagéieren?

Philippe Dondelinger
Präventiv virun de Chrëschtdeeg bitt de CGDIS Coursen un, an deenen ë.a. erkläert gëtt, wat ee bei engem Brand oder Stroumausfall maache soll.

Et ka séier zu engem Accident bei engem Doheem kommen: Eng Sekonn net opgepasst an et fält een, de Stroum ass méi laang wéi gewinnt fort, et kënnt zu engem Kichebrand oder ëm Chrëschtdag steet op eemol de Beemchen am Salon a Flamen. Wéi soll een an dëse Situatioune reagéieren?

De CGDIS bitt vun dësem Mount gratis Coursë fir d'Bierger un, wou een net nëmmen Theorië gewuer gëtt, mä och an der Praxis esou Situatiounen ausgesat gëtt. Zu Nidderfeelen an der Pompjeesschoul ginn d'Moniteure gebrieft, fir dëst Wësse weiderzeginn. D'Coursë vum CGDIS solle jo och an all Gemeng nämmlecht ausgesinn.

De Feierläscher ass ee vun den Atelieren, ma d'Iddi, déi hannendrun stécht, geet nach vill méi wäit. Net nëmmen de Brandschutz gouf thematiséiert a soll de Leit vermëttelt ginn, ma och Accidenter Doheem. An déi gi scho mat klenge Saachen un.

Wéinst der Covid-Situatioun hunn d'Statistike geännert, et geschéie weiderhin Accidenter, mä si hu sech souzesoe verlagert a geschéien elo ëfters Doheem. Dofir goufen déi Coursen och an d'Liewe geruff.

Wien dës Coursë besicht, kritt net nëmmen e Batz Theorie mat op de Wee, nee, de But vun dëser Präventioun ass och, fir am Noutfall richteg ze reagéieren an net herno am Eeschtfall fir d'éischt a sengem Liewe mat esou enger Situatioun konfrontéiert ze ginn. Och Dampentwécklung ass een Thema an de Coursen: Wéi verhalen ech mech? Wat dierf ech op kee Fall maachen a wéi behalen ech d'Situatioun ënner Kontroll, ier d 'Pompjeeën do sinn? Ma och, wat d' Rettungsmaterial ugeet, esou eppes muss reegelméisseg kontrolléiert ginn, well och do gëtt et en Oflafdatum.

Dës Coursë sollen och präventiv fir Chrëschtdag sinn. All Joer geschéien de Statistiken vun den Hellegowend- Asätz no déi nämmlecht Accidenter, an dëst, obwuel d'Majoritéit driwwer informéiert ass an d'Problematik kennt.

Vill Wëssen, fir dass een op d'mannst Doheem ouni gréisseren Accident duerch de Wanter kënnt.

Méi Detailer fënnt een um Site vu CGDIS.

Back to Top
CIM LOGO