
Dat Ganzt op Demande vun der ADR. Déi leschte Méint goufen doriwwer och schonn eng ganz Rei parlamentaresch Froen, souwuel vun der CSV wéi och vun der ADR, gestallt.
Déi 3 zoustänneg Ministere Meisch, Tanson a Kox, souwéi de Parquet an d’Police, waren dofir de Mëttwoch de Moien sur place, fir den Deputéierten d’Situatioun um Terrain ze erklären.
An déi ass net ganz evident. Ëmmer nees maachen nämlech Videoen an de soziale Medien d’Ronn vu Gewalt, Mobbing a Kläppereien tëscht Jugendlechen. Doranner sollen och verschidde Jugend-Banden involvéiert sinn, notamment eng, déi als besonnesch Gewalt-bereet gëllt, déi sougenannt Gang “Dix-Sept” oder “17" genannt.
“Mir hunn hei de Problem mat enger ganzer Partie vu kriminelle Bande vu Jonke vun 12-14 Joer. Déi maache grav Saachen, schlëmm Kierperverletzungen. [...] Wou Elteren hir Kanner mussen an d’Ausland an d’Schoul ginn: an d’Belsch, an Däitschland, a Portugal. Mir hunn do verschidde Fäll erzielt kritt. [...] Do ass einfach näischt do, fir déi Leit iergendwéi kleng ze kréien. Déi Leit vun der Police, vun der Policegewerkschaft a vun de Geriichter hunn eis dat bestätegt. An och d’UNISEC [d’Unité de securité /Jugendprisong zu Dräibuer n.d.l.r.] ass einfach vill ze vill kleng.”, esou den den ADR-Deputéierten Fred Keup.
Ëmmer nees hätt een no Chiffere gefrot. Wéi vill där Bande gëtt et? Wéi vill Fäll? Wéi vill Mineure sinn als Gewalttäter opgefall? De Parquet hätt se e Mëttwoch geliwwert, erkläert den ADR-Deputéierten Roy Reding.
“Dass am Moment 2.200 PVen [procès verbaux / Protokoller n.d.l.r.] d’Joer erstallt ginn. Dass 1.469 Signalementer waren. Do sinn allerdéngs och Affer derbäi vu Maltraitance juvénile. An da vum Här Sinner krute mer matgedeelt, dass et mindestens nach 6 gréisser Gruppéierunge gëtt, wéi de Bloc 17, déi den Ament hiert Onwiesen dreiwen.”
Wéi vill Leit do allkéiers dra sinn, wéisst een net. Ausser beim Bloc 17 wieren et wuel 40 Jugendlecher gewiescht. Dat heescht, et wier schonn e ganz besuergneserreegend Phänomen, esou den Deputéierten vun der ADR.
D’Jugendkriminalitéit ass net an d’Luucht gaangen, se bleift stabel. D’Zuel vun de Signalementer wier zwar eropgaangen, ma dat wier gutt, well et géing heeschen, dass eng prise de conscience do ass, dass een déi Phenomener muss mellen, sou d’Justizministesch Sam Tanson.
Ee grondsätzleche Problem ass awer den Alter vun den Täter, déi dacks tëscht 12 a 14 Joer al sinn. Am neie Jugendstrofrecht- a Jugendschutzgesetz, wou aktuell nach op den Avis vum Staatsrot gewaart gëtt, wäert Lëtzebuerg op den nämmlechte Wee goe wéi Éisträich, erkläert d’Justizministesch.
“Zum Beispill gëtt an Éisträich e Mineur net condamnéiert, wann e manner wéi 14 Joer huet. Da sinn aner Mesuren, déi gräifen. An och dat ass dat, wat hei virgesinn ass. Dat, wat elo do um Dësch läit op deem Punkt, ass elo näischt, wat aus der Welt gegraff ass. Wat net ka sinn, dat ass, dass e Mineur, dee stroffälleg gëtt, egal wéi een Alter, dass deen net suivéiert gëtt. An dat steet och guer net zu Diskussioun. Et wäert ëmmer ee Suivi virgesi sinn. Sief dat vum Schutz hier oder ee Strofrechtlechen.”
E weideren Defi a Punkto Jugendkriminalitéit ass d’Fro vun der Responsabilitéit. D’Faite geschéien dacks net an der Schoul selwer, mee um Wee an d’Schoul oder direkt nieft dem Schoul-Terrain.
“Ech denken, dass d’Schoul hei net kann ufänken z’enquêtéieren, wat ausserhalb vun der Schoul geschitt. D’Schoul kann ëmmer nëmme festhalen, wat se an der Schoul festgestallt huet. An dat dann un d’Justizautoritéiten weiderginn, déi do dann hir Aarbecht musse maachen an dat dann zesummendroe mat deem, wat och ausserhalb vun der Schoul geschitt. D’Schoul huet hei, wéi gesot, virun allem eng preventiv Aufgab.”, esou den Educatiounsminister Claude Meisch präziséiert.
Et wier wichteg, dass d’Leit sech och bei der Police mellen, wann ee Fait ass, appelléiert nach de Policeminister Henri Kox. Dacks wier et nämlech d’Angscht vun den Affer, also de concernéierte Schüler an hiren Elteren, fir eng Demarche ze maachen an doropshin nach méi harceléiert ze ginn. Denoncéiere wier awer essentiell, sou de Policeminister.