Parlamentaresch FroWéi steet et mat den Indemnitéite beim CGDIS?

RTL Lëtzebuerg
Nach ëmmer goufen net all d'Suen, déi sollen ausbezuelt ginn, och ausbezuelt. Ma et ass een am Gaangen, esou d'Ministesch.
© RTL (Archiv)

Zanter dem 1. Juli zejoert ass de CGDIS  operationell. Ma wéi steet et zanterhier ëm d’Indemnisatioune vun de Fräiwëllegen, déi am Rettungsdéngscht aktiv sinn? Genee dat wollt den Deputéierte vun der Piratepartei Marc Goergen vun der Inneministesch Taina Bofferding an enger parlamentarescher Fro wëssen.

An hirer Äntwert präziséiert d’Ministesch, datt bis ewell e groussen Deel vun den Indemnitéiten un déi Fräiwëlleg ausbezuelt gouf. Déi reschtleche Payementer géifen zäitno iwwerwise ginn.

Indemnitéiten CGDIs / Reportage Joel Detaille

Wann ee vun den Indemnitéiten am CGDIS schwätzt, da misst een dem Taina Bofferding no ënnert 5 Punkten ënnerscheeden.

Engersäits der Pauschal-Indemnitéit, wou de CGDIS Enn Februar dëst Joer eng 300.000 Euro un eng ronn 270 Zenter- a Gruppecheffen, grad wéi hir Adjointen iwwerwisen hätt.

Zweetens dann den Indemnitéite fir Permanencen. E fräiwëllege Pompjee, dee vun doheem oder am Kader vun enger garde casernée um Bereetschaft-Déngscht deel hëlt, kritt dofir eng Indemnitéit vun 1 Euro, respektiv 10 Euro d’Stonn. De CGDIS wäert dës Iwwerweisungen am Laf vun dësem Mount kënnen duerchféieren, schreift d’Ministesch. Domadder géif een déi selwecht Delaie respektéieren, wéi an de leschte Joren.

D'Entschiedegunge fir en Asaz dann, do huet de Verwaltungsrot vum CGDIS decidéiert, dass dës am Laf vun dësem Joer ulafe sollen, an da réckwierkend op den 1. Juli zejoert ausbezuelt ginn.

Leit, déi un enger Formatioun deel huelen, beim INFS, dem nationalen Rettungsdéngscht Formatiouns-Institut, ginn dofir och entschiedegt. Bis haut wiere net manner wéi 1.000 Virementen un déi betraffe Leit gemaach ginn. Bis den 31. Mäerz haten déi fräiwëlleg Secouristen dann Zäit, fir hir Demande beim CGDIS eranzereechen, fir e Remboursement vun de Käschten un enger Zousaz-Assurance eranzereechen. 50 Prozent dovunner kënne jo iwwerholl ginn. De CGDIS wäert sech dann ëm déi Payementer, déi nach net gemaach goufen, këmmeren.

Firwat et alt deels laang gedauert huet, bis d’Leit hir Indemnitéiten ausbezuelt kruten, oder kréien, dat hätt der Ministesch no, verschidde Grënn. Elleng schonn d’Integratioun vun den iwwer 4.000 Fräiwëllegen an de neie Corps hätt vill Zäit an Usproch geholl. Derbäi kéim, dass virum 1. Juli 2018, all Entitéit hiren eegenen Indemnisatiouns-System gehat hätt, mat ënnerschiddlechen Tariffer. Dës hätte missen harmoniséiert ginn, fir e faire System ze garantéieren.

Doriwwer eraus hätt de CGDIS seng informatesch Programmer fir d’Erfaasse vu Stonnen an d’Bezuele vun dëse moderniséiert an optimiséiert. Duerch e neien informatesche System dierft sech dem Taina Bofferding no deemno och vun elo un d’Waardezäit op d’Entschiedegunge ferme reduzéieren.

Back to Top
CIM LOGO