
Hätt een zu Lëtzebuerg gäre Plattwaasser am Café, Restaurant oder souguer am Hotel, da kritt een normalerweis Markewaasser aus den ënnerschiddlechste Quellen an der Fläsch op den Dësch gestallt. Dat nawell e bësse kascht. An der Stad kann ee fir en hallwer Liter gäre mol 4 oder 5 Euro bezuelen. Dobäi kënnt, dass dat Waasser ofgefëllt gëtt, vu Camionen uechtert d’Land a souguer iwwert d’Grenz transportéiert gëtt an no der Consomatioun rëm ofgeholl gëtt, fir dass d’Fläsche kënne recycléiert ginn.
Dat selwecht gëllt natierlech och, wann een doheem op Waasser aus der Fläsch zeréckgräift. Och déi Fläschen, ob elo Glas oder Plastik, hu schonn en Transportwee hannert sech an d’Fläsche mussen duerno recycléiert ginn, wa se net souguer einfach an der Poubelle landen.
Aus dëse Grënn hat den Ëmweltministère schonn 2021 eng Campagne lancéiert, fir d’Leit ze motivéieren, méi Krunnewaasser ze drénken an domat méi nohalteg ze sinn. Dem Flyer no soll Krunnewaasser méi wéi 100 Mol méi bëlleg si wéi Waasser aus der Fläsch. Krunnewaasser soll et dann elo optional och an de Restauranten, Caféen an Hoteller ginn.
A verschiddene Länner ass et jo quasi normal am Restaurant eng Karaff Krunnewaasser op den Dësch gesat ze kréien. Zu Lëtzebuerg wäert dat dann awer net esou sinn.
Bei der Horesca sinn 240 Betriber ageschriwwen, fir beim Drénkwaasser-Projet matzemaachen. Si krute Glasfläschen zur Verfügung gestallt, an deene si de Gäscht Krunnewaasser zerwéiere kënnen. Hei kann de Client Krunnewaasser bestellen a kritt dann eng 750 Milliliter Fläsch Krunnewaasser op den Dësch amplaz vu Markewaasser. D’Waasser gëtt et awer net onbedéngt fir näischt.
D’Horesca huet sech bei den 240 Betriber ëmfrot, wéi vill si fir d’Waasser aus dem Krunn froen. D’Resultat wier 50/50. “Déi eng gi Waasser fir näischt, an déi aner froen e Präis tëschent 2 Euro an 2,99 Euro fir eng 0,75 Liter Karaff”, sou d’Horesca.

Et wieren awer haaptsächlech d’Hoteller, déi hire Gäscht d’Waasser fir näischt op d’Kummer stellen. De Betriber ass et selwer fräigestallt, wéi ee Präis si fir d’Krunnewaasser froen.
An der Gemeng Walfer iwwerdeems leeft esou e Projet schonn zënter leschtem Summer. Hei huet d’Gemeng bis ewell 5 Restaurante Karaffen zur Verfügung gestallt. An deene Betriber kritt een also schonn zënter e puer Méint Krunnewaasser zerwéiert an dat fir e bësse manner Geld, wéi d’Markewaasser.
Och doheem bezilt ee jo fir d’Waasser aus dem Krunn, mee wéi vill géift Dir am Restaurant fir Krunnewaasser bezuelen?
Mir hunn och op Instagram eng kleng Ëmfro zu dësem Thema lancéiert. Deemno drénke 66 Prozent vun eise Follower doheem Krunnewaasser an 31 Prozent kafe Waasser an der Fläsch. 2 Prozent drénken doheem guer kee Waasser.
Bal jidderee vun de Befrote wier iwwerdeems net bereet am Restaurant, Café an Hotel fir Krunnewaasser ze bezuelen.
