Dréngend parlamentaresch FroWéi vill Organisateure vun Evenementer si beim CovidCheck-System ugemellt?

Roy Grotz
D'Aussoe vum Santés-Direkter iwwert e Lien tëscht Covid-Neiinfektiounen an den Evenementer op Nationalfeierdag rifft d'politesch Oppositioun op de Plang.
© Maurice Fick

An enger urgenter parlamentarescher Fro adresséiert sech den CSV-Duo Mosar a Roth un d'Santésministesch Paulette Lenert, fir ënnert anerem gewuer ze ginn, wéi vill Organisateure vun Evenementer sech da beim CovidCheck-System ugemellt hunn a bei wéi enge vun dëse Manifestatioune konnte Clusteren nogewise ginn.

Gefrot gëtt och, ob ka confirméiert ginn, datt sech ee Minister an engem Horeca-Etablissement soll um Virowend vu Nationalfeierdag ugestach hunn. Am Land vun dësem Freideg steet an deem Kontext ze liesen, datt dëse Club am Stater Garer Quartier deen Owend och vum Premier Bettel besicht gi war, dee jo de leschte Sonndeg positiv op de Virus getest gi war.

Da freet d'CSV d'Ministesch, wéi vill Leit deenen eenzele Clustere konnten zougeuerdent ginn an ob et a verschiddenen Etablissementer iwwert déi lescht Woche méi dacks zu Corona-Clustere komm wier.

An et gëtt natierlech och gefrot, op wéi eng Donnéeë a Wëssenslag sech den Dr. Schmit baséiert, fir ze soen, datt vill Infektiounen op d'Evenementer ëm Nationalfeierdag zeréckzeféiere gewiescht wieren.

Jonk Leit an Net-Geimpfter betraff: Dr. Jean-Claude Schmit: Hausse vun neie Fäll zeréckzeféieren op Nationalfeierdag

Back to Top
CIM LOGO