Hautzedaags geet et an de Schoulgespréicher net méi just ëm Prüfungen an Hausaufgaben, mee ëmmer méi ëm Masken, Schnelltester, Quarantainen an Isolatiounen. Et ass net einfach, fir den Iwwerbléck ze behalen, wéini wéi eng Zenarien spillen a wéini Präsenzunterrecht oder Homeschooling ass.
Et ass keng einfach Situatioun, weder fir Enseignanten, Schüler, nach Elteren. Permanent misst ee sech nees un nei Mesuren winnen, bedaueren Elteren. Déi eng fannen d‘Reegele sinn ze streng, fir anerer ginn d‘Mesuren net wäit genuch.
Ma op alle Fall huet warscheinlech all Famill mat Schoulkanner mëttlerweil déi eng oder aner Quarantän materlieft, zeg Corona-Schnelltester gemaach, bei der Santé oder soss enger Helpline no Informatiounen gefrot, ënnerschiddlech Äntwerte kritt an op offiziell Dokumenter gewaart.
Ma och wann dat engem op d‘Nerve ka goen, hu vill Elteren awer och Versteesdemech fir déi aktuell Situatioun.