Mat enger Duerchschnëttstemperatur vun 19,9 Grad war de Juni 2026 de wäermste Juni zanter dem Ufank vun de Miessungen am Joer 1947. Och de Juli huet dësen Trend confirméiert.
Dat geet aus dem neie Rapport vu Meteolux ervir. Mir haten de Luca Mathias, Meteorolog bei Meteolux, am RTL-Interview.
Mat bal 361 Sonnestonne war leschte Mount den zweet-sonnegste Juli, deen zu Lëtzebuerg jeemools gemooss gouf. Nëmmen am Juli 2022 huet d'Sonn mat 377 Stonnen nach méi geschéngt.
Responsabel dofir wier virun allem en Héichdrockgebitt iwwer West- a Mëtteleuropa, sou de Meteorolog:
Et ass doduercher bedingt, dass mer elo am Juli vill Héichdrockafloss hat, dat heescht, oft Héichdrock, dee vun den Azoren eriwwerkomm ass. A wa mir e bësse méi déiwe Loftdrock haten, war et och esou, dass mir dann an der Héicht awer nach Stabilitéit haten, wouduercher dann och d'Loftmassen, déi present waren, ofgedréchent sinn a sech dann och erwiermt hunn. Dat heescht Am Allgemengen hate mir ëmmer 'Grousswiederlagen', déi éischter Wollekenopléisung a keen Nidderschlag favoriséiert hu wéi de Contraire.
Et war net nëmme méi sonneg, mee och däitlech méi waarm a méi dréchen. Am Juli louch d'Duerchschnëttstemperatur um Findel mat 21,2 Grad bei e bësse méi wéi zwee Grad iwwer der Referenzmoyenne. Et huet och däitlech manner gereent.
"Wann een elo de Cumulle kuckt u Ree säit Abrëll, Juli inclus, dann hu mir hei um Findel just em déi 150 Liter op de Meterkaree Ree gemooss. Normal wieren éischter em déi 270 bis 280 Liter op de Meterkaree", sou de Luca Mathias.
Déi aktuell Bëschbränn an Europa maachen dat och däitlech. Opfälleg ass och, datt déi fënnef sonnegst Julien all no 2005 gemooss goufen.
"Wa mir do eis Statistike vun de leschten 20 bis 30 Joer kucke gesäit een definitiv en Trend, dass Summere méi waarm ginn. Net nëmmen d'Summeren, mee och all déi aner Joreszäiten, dat heescht, dat kann ee schonn op de Klimawandel zeréckféieren. Dat heescht, d'Warscheinlechkeet vu Summeren, wéi mir se elo aktuell hunn, déi klemmt mam Klimawandel", sou nach de Constat.
Net all Summer wäert an Zukunft en Ausnamesummer sinn. Mee d'Tendenz ass däitlech. Et muss ee sech ëmmer méi op Extremsituatiounen ewéi Hëtztwellen a laang Dréchentphasen astellen.