Aktualiséiert ZuelenStatec passt Inflatiounsprognos däitlech no ënnen un

RTL Lëtzebuerg
De Statec huet nei Previsioune fir d'Inflatioun public gemaach an d'Zuelen no ënne revidéiert - an zwar zolidd.

Den Nationale Statistiksbüro rechent lo nach mat 1,8 Prozent fir dëst Joer, amplaz vun 2,5 Prozent. Fir d'nächst Joer gëtt eng Präisdeierecht vun 2,1 Prozent virausgesot. Den Hannergrond ass de Fait, datt et beim Konflikt am Noen Osten eng gewëss Deseskalatioun gouf. Derbäi kënnt den Effet vum Resilienzpak, deen d'Inflatioun ausbremst.

Déi nächst Indextranche géing dem zentralen Zenario no am drëtten Trimester 2027 erfalen. De Statec verweist drop, datt déi geopolitesch Onsécherheete ganz grouss bleiwen.

All déi aktualiséiert Donnéeë vum Statec fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO