
De Marc Spautz wollt wëssen, wéi d’Politik gedenkt géint d’Ausstierwe vun den Zeitungen zu Lëtzebuerg virzegoen a wéi déi professionell a perséinlech Zukunft vun den 71 concernéierte Persoune ka protegéiert ginn.
D'Lëtzebuerger Wort entléisst jo 71 Mataarbechter. Dat huet de Generaldirekter Paul Peckels confirméiert. Dës Woch war no engem Desaccord iwwert de Sozialplang d'Non-Conciliatioun tëscht dem neie Proprietär Mediahuis an dem LCGB gesprach ginn.