ZeienopruffWeiblech Läich um "Giele Botter" fonnt

RTL Lëtzebuerg
D'Läich war de leschte Sonndeg, 31. Mäerz um 18 Auer fonnt ginn. Elo freet d'Police d'Bevëlkerung ëm Hëllef.

Am Naturgebitt "Giele Botter" zu Nidderkuer war de leschte Sonndeg den Owend géint 18 Auer eng Fraeläich fonnt ginn - ouni Carte d'identité an och ouni aner Géigestänn, déi eppes iwwer d'Identitéit vun der Fra hätte soe kënnen.

Si ass also bis elo nach net identifizéiert, vun dohier den Zeienopruff vun der Police um Freideg.

D'Fra war 1,73 m grouss, eng 90 Kilogramm schwéier an hat 70 cm laang däischter Hoer, déi mat engem schwaarze Band zesummegebonne waren.

D'Fra hätt e gefleegten Androck gemaach, esou d'Police.

Si hat eng schwaarz Reejackett vun der Mark North Face Dry Vent, eng schwaarz wëlle Jackett vun der Mark S.Oliver (Gréisst 42), e schwaarzt Hiemche vun der Mark MS Mode, eng däischter Box vun der Mark Canda an niddreg schwaarz Wanderschong vun der PUMA Suede (Gréisst 40,5) un.

D'Fra hat ausserdeem eng gëllen Halsketten u mat engem 2 cm grousse gëllene Kräiz mam Jesus an de Buschtawen INRI drun an och mat engem Medaillon mat engem Relief vum Maria drop.

D'Läich, esou d'Police, louch wuel schonn e puer Deeg am "Giele Botter", éier se fonnt gouf. E geneeën Zäitpunkt konnt bis elo net festgestallt ginn.

Wien eppes iwwer d'Persoun soe kann, gëtt gebieden, direkt den Noutruff vun der Police um 113 unzeruffen.

Back to Top
CIM LOGO