
An hirem leschte Rapport, deen op e Freideg datéiert, schwätzt déi national Covid-Task-Force fir déi lescht Woch vun enger liichter Entspanung bei den Neiinfektiounen op ganz héijem Niveau an och nach ëmmer engem exponentiellen Wuesstem.
Et wiere weider Efforten néideg, fir d’Dynamik vun der Infektiounswell ze briechen.
D’Projektioun vun den 10 Experten ass dann och liicht erofgaangen, a schwätzt elo vun 1.300 neie Fäll pro Dag fir Mëtt November, wa sech d’Tendenz vu leschter Woch esou géif confirméieren. Allerdéngs wieren do och d’Frontalieren mat agerechent.