StaatsrotWeider Kappzerbrieches wéinst der Reform vum Kannergeld

RTL Lëtzebuerg
Am Avis iwwert de Gesetzprojet kritiséiert de Staatsrot, datt Leit, déi sech ëm e Kand këmmeren, ma net Eltere vum Kand sinn, kee Kannergeld kéinte kréien.
© RTL

Eigentlech wollt de Familljeministère engem Urteel vum europäesche Geriichtshaff Rechnung droen. D’europäesch Riichter haten Enn 2017 bei der Reform vun 2016 e Verstouss géint europäescht Recht festgehalen. Effektiv gouf hei e Frontalier vum Kannergeld ausgeschloss, wann en d’Kannergeld fir e Kand ugefrot huet, dat net vun him, mee vum Partner ass a wou kee “Lien de filiation” ass.

Avis iwwert d’Kannergeld - Rep. François Aulner

De Familljeministère huet am neie Gesetzprojet dowéinst virgesinn, d’Recht vum Kand op d’Kannergeld z’ersetzen, mam Recht vum Elterendeel. Esou wier eng Gläichbehandlung tëscht engem Resident an engem Frontalier assuréiert. Nee, seet de Staatsrot: hei géingen nei Ongläichheete geschaaft ginn, well fir Kannergeld ze kréien, een elo zwou Konditioune misst erfëllen. Engersäits misst ee laut Reformpropos bei der Sozialversécherung hei am Land affiliéiert sinn, fir kënne Kannergeld ze kréien an zweetens Papp oder Mamm vum Kand sinn. Esou géingen eng Rei Kanner vum Kannergeld ausgeschloss ginn an zwar :

  1. Kanner déi zu Lëtzebuerg liewen, mee deenen hir Elteren europäesch Beamte sinn, am Ausland schaffen oder nach Studente sinn.
  2. Kanner ëm déi sech eng Persoun këmmert, déi net Mamm oder Papp ass oder Adoptivpapp oder Adoptivmamm. Zum Beispill Grousselteren oder Stéifelteren.

Gläichzäiteg géingen awer Elteren, déi sech guer net méi ëm hiert Kand këmmeren, d’Kannergeld nach kënne kréien.

D’Argumenter vum Ministère fir d’Kannergeld esou ze reforméieren, léisst de Staatsrot och net gëllen. De Ministère sot, wann ee géing d’Kannergeld fir Conjointë vu Frontalieren opmaachen, da géing d’Zukunftskeess – fréier Kannergeldkeess – mat ongerabele Situatioune confrontéiert ginn. Dem Staatsrot no wier dat nach ëmmer kee Gronn, fir Ongläichheeten ze justifiéieren.

Wéinst all deem huet de Staatsrot eng Oppositioun Formelle formuléiert.

Hei de kompletten Avis vum Staatsrot als PDF.

Back to Top
CIM LOGO