
Ob dat mat Lëtzebuerg ofgeschwat ginn ass, ob d'Politik Bescheed wousst, ware Froen, déi zu Kënzeg op enger Informatiounsversammlung net konnte beäntwert ginn. Op Initiative vum Käerjenger Buergermeeschter war eng Informatiounsversammlung fir d'Baueren an d'Awunner allgemeng organiséiert ginn. An op där hu Leit vum Terrain versicht, d'Leit ze berouegen an z'erkläre wéi et ka sinn, datt engem Bauer säi Betrib, vun haut op muer wuel an enger spezieller Zon läit, mä sech eigentlech an der Zone Blanche fir keen eppes ännert. Nieft der Naturverwaltung ware Ponts et Chaussées an d'Arméi do.
Méi gescheit wéi virdrun wier kaum een heemgaangen, sou d'Stëmmung an d'Commentairen no der Versammlung.
Eng weider Ronn am Dossier Schwéngspescht stoung um Freideg de Moien um Programm; de Käerjenger Buergermeeschter wëll dann eng Partie Fakten aus senger Vue presentéieren.

Den Theater wärend an no senger Question Parlamentaire wär einfach just e groussen Theater. Wann een direkt richteg geschafft hätt, wie et guer net esou wäit komm.
D’Opriichte vum Zonk wier net an der Legalitéit geschitt, gouf op en Neits präziséiert. Et hätt een eng éischt Bau-Ufro kritt. 2 Glasfaserleitunge wieren och schonn beschiedegt ginn duerch onpräziist Schaffen.
Et wier och net wouer, wann d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg seet, en Informatiouns-Bréif un d’Gemengen wier den 20. Januar verpasst ginn.
Weider kënnt d’Kritik an d’Fro, firwat ee sech als Politiker, ma och als Bierger un d’Press muss wenden, fir Informatiounen ze kréien, wat an der eegener Wiss ofleeft.
An der Wallonie kann een no e puer Méint vu Verbuet fir am Bësch spadséieren ze goen vun e Samschdeg un nees a verschiddenen Zonen wandere goen, dat op enger Gesamtfläch vu 16.000 Hektar, 14'000 Hektar bleiwe weider zou.
Weider verbuede bleift d'Zirkulatioun an den Zonen, wou déi lescht Fäll entdeckt goufen, am Norde rondrëm Rulles, Neufchâteau a Chiny an am Süde bei de Bois d’Ardenne, Meix-devant-Virton a Grand Bois.

Déi afrikanesch Schwéngspescht ass net geféierlech fir de Mënsch. Iwwerdeems géing d'Lutte géint de Virus scho positiv Resultater weisen, sou déi belsch Autoritéiten.
Do, wou een nees an de Bësch däerf, gëlle streng Reegelen: et däerf een näischt plécken, keen Dreck ewech geheien, 72 Stonne laang keen Haff besichen, natierlech keng doudeg Wëllschwäin upaken mä direkt mellen. an et soll ee seng Schong a säi Mountainbike desinfizéieren.

Ob dat mat Lëtzebuerg ofgeschwat ginn ass, ob d'Politik Bescheed wousst, ware Froen, déi zu Kënzeg op enger Informatiounsversammlung net konnte beäntwert ginn. Op Initiative vum Käerjenger Buergermeeschter war eng Informatiounsversammlung fir d'Baueren an d'Awunner allgemeng organiséiert ginn. An op där hu Leit vum Terrain versicht, d'Leit ze berouegen an z'erkläre wéi et ka sinn, datt engem Bauer säi Betrib, vun haut op muer wuel an enger spezieller Zon läit, mä sech eigentlech an der Zone Blanche fir keen eppes ännert. Nieft der Naturverwaltung ware Ponts et Chaussées an d'Arméi do.
Méi gescheit wéi virdrun wier kaum een heem gaangen, sou d'Stëmmung an d'Commentairen no der Versammlung.
Eng weider Ronn am Dossier Schwéngspescht steet um Freideg de Moien um Programm; de Käerjenger Buergermeeschter wëll dann eng Partie Fakten aus senger Vue presentéieren.
Den Theater wärend an no senger Question Parlamentaire wär einfach just e groussen Theater. Wann een direkt richteg geschafft hätt, wie et guer net esou wäit komm.
D’Opriichte vum Zonk wier net an der Legalitéit. Gouf op en Neits präziséiert. Et hätt een eng éischt Bau-Ufro kritt. 2 Glasfaserleitunge wieren och schonn beschiedegt ginn duerch onpräzist Schaffen.
Et wier och net wouer, wann d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg seet, en Informatiouns-Bréif un d’Gemengen wier den 20. Januar verpasst ginn.
Weider kënnt d’Kritik an d’Fro, firwat ee sech als Politiker, ma och als Bierger un d’Press muss wenden, fir Informatiounen ze kréien, wat an der eegener Wiss ofleeft.
E Grupp vun Awunner aus der Uertschaft Lénger aus der Gemeng Käerjeng reege sech an engem Bréif, deen eis virläit op, dass deen Drot bis zu 200 Meter no un hir Haiser géif kommen a se staark an hire Méiglechkeeten géif aschränken, fir sech fräi um Territoire vun hirem Duerf ze beweegen.

Et wär een am Virfeld och iwwerhaapt net informéiert ginn an den Zonk géif och net wéi dacks gesot op der Grenz, mä haaptsächlech laanscht e Spadséierwee opgeriicht ginn, deen deels 1 Kilometer vun der Grenz ewech géif féieren.
D’Leit froe sech, firwat zougelooss gëtt, dass méiglech infizéiert Wëldschwäin iwwerhaapt bis op Lëtzebuerger Territoire kéinte kommen an den Zonk eben net duerch de Bësch gezunn gëtt, wou d’Grenz verleeft.
Um Donneschdeg den Owend ass iwwerdeems zu Kënzeg eng Informatiounsversammlung iwwert d’Mesure géint d’Schwéngspescht, an dat Ganzt ass och Sujet an der parlamentarescher Agrar-Kommissioun.
Communiqué de Presse vum Grupp «De Lénger Drot» (vum 5. Abrëll)
Eng kuerzfristeg, vun der Gemeng Käerjeng organiséiert Versammlung gëschter (Donneschdeg, de 4. Abrëll) zu Kënzeg am Festsall huet bëssen Kloerheet an den Dossier „Bekämpfen vum Ausbreeden vun der afrikanescher Schwéngspescht" bruecht.Eng Versammlung déi viru Wochen, virum Bau vum Drot hätt missten ofgehalen ginn!
A bal kengem Punkt konnten déi vill uwiesend Leit aus der Gemeng Käerjeng zefridde gestallt ginn.
Et ass nach méi kloer ginn, mat welcher Noléissegkeet an deem Dossier geschafft gëtt. Et gëtt eréicht da reagéiert wann et brennt. Vun virausschauender Politik si mir wäit ewech.
Ausserdeem huet de Käerjenger Buergermeeschter Michel Wolter nach emol ganz däitlech gemaach, datt den Drot an der absoluter Illegalitéit opgeriicht gëtt. Net emol déi Prozeduren sinn agehale ginn!
Et huet sech an den Diskussiounen eraus gestallt, datt „Ponts et Chaussées" beoptragt ginn ass, den Tracé fir den Drot festzeleeën. Den Tracé ass um Bildschierm (!!!) festgeluecht ginn, keen Verantwortlechen vu „Ponts et Chaussées" nach Forstverwaltung hunn sech d'Méiglechkeeten vum Tracé um Terrain ugekuckt. Vëlospist PC12 huet hinnen den „onkomplizéierste Wee" geschéngt.
Dat ganzt ass begrënnt ginn, datt en enormen Zäitdrock besteet, säit September 2018 sinn déi éischt Fäll vun afrikanescher Schwéngspescht an der Belsch bekannt, iwwer 6 Méint an elo ass Zäitdrock!!! Net ze verstoen ass dann, datt de Bau vun 8 km Drot op deem liichten Tracé bal 2 Méint dauere soll!!! Ass dat Zäitdrock?!? Samschdes an Sonndes gëtt gerascht, komeschen Zäitdrock...
Aus purer Lidderegkeet ass den Tracé net op Grenz mat der Belsch komm, aus purer Lidderegkeet gëtt akzeptéiert, datt d'Schwéngspescht ongehënnert op Lëtzebuerger Buedem kënnt, aus purer Lidderegkeet gëtt akzeptéiert datt d'Leit aus der Gemeng Käerjeng an vläicht aus dem ganzen Land ënner den Konsequenzen vun der afrikanescher Schwéngspescht musse leiden.
Direkt sinn aus dem Publikum Virschléi komm vu méiglechen Tracéen, vill méi no un der belscher Grenz, laanscht grouss Bëschweeër déi ouni Problem mat grousse Maschinnen befuerbar sinn, leider waren déi Méiglechkeeten um Bildschierm vun der „Ponts et Chaussées" net ze gesinn.
Wéi déi „Zone blanche" vun ca 5000 Ha soll « schwäifräi » gemaach ginn, wéi den Minister Schneider dat an der Press ugekënnegt huet weess keen, et gëtt et nach kee Plang!!!
Et gëtt och kee Plang wéi de Rescht vun der Grenz mat der Belsch soll geschützt ginn, obwuel gëschter ganz däitlech gesot ginn ass, datt d'Schwéngspescht an der Belsch sech no Norden ausbreet. Et hofft een op d'Autobunn N7 an der Belsch, datt déi alles soll ofhalen.
Wann 2 Méint gebraucht ginn fir 8 km Drot op engem liichten Tracé ze bauen, da muss een sech Fro awer stellen, wéi laang et dauert fir de Rescht ca 130 km Drot laanscht Grenz mat der Belsch opzeriichten? Dofir huet nach keen e Plang. Absolut verantwortungslos vun eiser Regierung an de verantwortlechen Servicer.
Op Ufro vun de Leit vun Lénger a Kënzeg ob et eng Méiglechkeet gëtt fir Virschléi ze maachen den Tracé vum Drot ze änneren, ass vun der „Ponts et Chaussés" akzeptéiert ginn. Et géing eng E-Mail-Adress ageriicht, wou Leit sech kennen mellen. E Schrëtt an déi richteg Richtung wat Kommunikatioun mat den betraffenen Awunner ugeet. Mee a wiefern d'Propositiounen vun den Awunner och ëmgesat ginn, dat weess keen...
Dat ongutt Gefill, datt den Dossier „afrikanesch Schwéngspescht" vun den Ministeren Schneider an Dieschbourg op déi liicht Schëller geholl gëtt, bleift.
Besuergten Leit aus der Gemeng Kaerjeng
Communiqué de Presse vum Grupp «De Lénger Drot» (vum 4. Abrëll)
D’Awunner vu Lénger, awer och d’Spadséiergänger a Vëlosfuerer aus den Nopeschuertschaften waren iwwerrascht, wéi, am Moien vum 27. Mäerz, Camion’en vun der Arméi ugeréckelt sinn. Panneaue goufen opgestallt, d’Vëlospiste a Spadséierwee’er goufe gespaart, awer keen wousst sou richteg wat de Grond dofir wier.
Säit iwwer enger Woch gëtt am Duerf, laanscht Vëlospiste a Spadséierwee’er en Zonk opgeriicht. Iwwer Medien (!!!) ass een no an no gewuer ginn, wat eis Zaldoten, beoptraagt vum Ëmwelt- a Landwirtschaftsministère, do maachen.
Mee der Gemeng ass et net anescht ergaangen. Och si sinn net a Kenntnis gesat ginn, et si keng Geneemegungen ugefrot oder virgeluecht ginn, et goufen keng Gespréicher mat de concernéierte Leit gefouert, d’Transparenz war an ass nach ëmmer gläich null.
Rosen an enttäuscht si vill Lénger Leit iwwer d’Informatiounspolitik vun de Ministeren Dieschbourg a Schneider, déi ouni Ukënnegung, ugefaangen hunn en Drot vun +- 140 cm Héicht, matzen duerch eis Natur ze zéien. Eng Natur déi vu villen Awunner, awer och Leit aus den Nopeschgemengen genotzt gëtt, fir spadséieren ze goen oder mam Vëlo ze fueren.
Et stellt sech eraus, datt den Drot, deen jo géint di afrikanesch Schwéngspescht ënner de Wëllschwäin op der belscher Säit geduecht ass, sech bis zu iwwer 1 km vun der belscher Grenz ewech befënnt! Wou een jo awer ëmmer neess an der Press liest, e géif sech „OP“ der belscher Grenz befannen!
Dës Zone, déi sech bis op Messancy (B) erstreckt, soll eng sou ze soen „Zone blanche“ ginn, di „schwäifräi“ gemaach soll ginn. Wuel verstanen, mir schwätzen vun enger Fläch vun ca 5000 Ha, op där di Schwäin lo sollen vun de Jee’er ausgerott ginn!
Verschiddenen Aussoen no, dierft een sech awer, fir de Moment nach, an dëser „Zone blanche“ fräi beweegen. Et kann ee sech schlecht virstellen, datt een do nach mat Kanner oder Hënn spadséiere geet, well een sech jo awer net der Gefor wëll aussetzen vun enger „Balle perdue“ getraff ze ginn.
Kee Land wëll di Schwéngpescht op sengem Territoire, well d’Konsequenzen fir Landwirtschaft, Tourismus an Awunner dramatesch kinnte ginn, dofir stelle mir eis d’Fro, wisou d’Ministeren Schneider an Dieschbourg a Kaf huelen, nee, esou guer „erlaben“, datt d’Wëllschwäin aus der Belsch, di eventuell Träger vum Virus vun der Schwéngspescht kinnten sinn, an di „Zone blanche“ op Lëtzebuerger Territoire kommen dierfen!
Erstaunt ass een och, datt zu Kënzeg d’Clôture net duerchgoend ass, mee e „Lach“ vun e puer 100 m huet, well laut den zoustännege Ministeren d’Wëllschwäin net an en Duerf erakommen.
Wa bis emol e Fall vun der Schwéngpescht an der „Zone blanche“ ass, da soll déi, laut Aussoen no direkt ganz zou gemaach ginn. Dann dierf do, fir eng ganz laang Zäit, kee méi spadséieren goen an et dierf och kee Bauer méi an déi Zone erafueren fir no senge Kéi a
Källefcher ze kucken, fir seng Wisen a Felder ze méinen, fir Botten fir d’Wanterméint ze hunn, asw. Et muss ee bedenken, datt verschidde Baueren aus der Gemeng bal hier sämtlech Lännereien an dëser „Zone blanche“ hunn!
Dofir stellen sech och hei nees d’Froen:
- Wisou gëtt den Drot nët uewen um „Hieschbierg“ duerch de Bësch gezunn, direkt un der Grenz zu der Belsch?
- Wisou gëtt de belsche Wëllschwäin d’Méiglechkeet gelooss bis an eist Land eranzekommen?
- Wisou gëtt di „Zone blanche“ net op belschem Terrain crééiert?
Dir gesitt, et ginn nach ganz vill Inconnu’en, an di concernéiert Leit géifen et begréissen endlech opgekläert ze ginn!
D’Lëscht vun de besuergte Leit kann op Ufro no weidergereecht ginn.