Kontroll verluer a Bam krittWeideren déidlechen Accident tëscht Furen a Bëttel

RTL Lëtzebuerg
Schwaarzen Dag op eise Stroossen. No den tragesche Virfäll e Freideg gouf et e weideren déidlechen Accident an der Nuecht, dës Kéier tëscht Furen a Bëttel.
© Domingos Oliveira / RTL

En 21 Joer jonke Chauffer hat géint 2.45 Auer op der Streck N17B d’Kontroll iwwert säi Gefier verluer. De Won ass fir d’éischt mat der Chaufferssäit an e Bam gerannt a gouf duerno nach an ee Feld geschleidert. Den Onglécklechen ass nach op der Plaz verscheet.

Op der Plaz waren de Samu an d’Ambulanz vun Ettelbréck, d’Asazzentere vun Dikrech an Tandel an d’Police.

Schwaarzen Dag op eise Stroossen

Et ass deen 3. déidlechen Accident zanter e Freideg de Mëtteg.

Um Freideg kuerz virun 13 Auer schonn gouf et ee schroe Motorradsaccident um CR360 vu Méchelbuch aus a Richtung Biissen. En 52 Joer ale Mann aus der Belsch hat do säi Liewe gelooss.

RTL NEWS: Motocyclist déidlech verongléckt Géint 20.10 Auer koum et e Freideg den Owend um CR329 tëscht Grëmmelescht an der Schleef zu engem déidlechen Autosaccident. Dat 41 Joer aalt Affer koum och aus der Belsch.

RTL NEWS: Déidlechen Accident tëscht Grëmmelescht an der Schleef

Back to Top
CIM LOGO