CR360Motocyclist déidlech verongléckt

RTL Lëtzebuerg
Um Freideg de Mëtteg koum et tëscht Méchelbuch a Biissen zu engem déidleche Motorradsaccident.
© Domingos Oliveira / RTL

Déidleche Motorradsaccident e Freideg de Mëtteg kuerz virun 13 Auer um CR360 vu Méchelbuch aus a Richtung Biissen. E Grupp vu Motocycliste war do ënnerwee, ee vun hinnen hat an enger Rietskéier d’Kontroll iwwer säi Gefier verluer an ass iwwer déi naass Strooss déi aner Säit an de Gruef gerutscht, wou hien e Potto an en Zonk ze pake krut. D’Air Rescue gouf zesumme mam Samusdokter op d’Plaz geruff, si konnten awer näischt méi fir den 52 Joer ale Mann aus der Belsch maachen.

Back to Top
CIM LOGO