CR329Déidlechen Accident tëscht Grëmmelescht an der Schleef

RTL Lëtzebuerg
Um Freidegowend hat een Automobilist an enger Lénkskéier d'Kontroll iwwert säin Auto verluer. De Mann ass nach op der Plaz u senge Blessure gestuerwen.
© Domingos Oliveira

Géint 20.10 Auer koum et e Freideg den Owend um CR329 tëscht Grëmmelescht an der Schleef zu engem déidlechen Autosaccident. Een 41 Joer ale Mann aus der Belsch war mat sengem Auto an enger Lénkskéier an de Gruef geroden, hat dunn ee Bam gesteift, war säitlech ofgehuewen a war mat der Chaufferssäit op der Strooss leie bliwwen.

Fir den Chauffeur koum all Hëllef ze spéit. Säi Bäifuerer gouf net blesséiert.

D’Police mécht an deem Kontext een Zeienopruff. Kuerz virum Accident hat een Auto, deen aus der Schleef koum, den Auto an der Lénkskéier gekräizt. Dës Persoun gëtt gebieden, sech beim Commissariat des Ardennes ënnert der Telefonsnummer 244891000 ze mellen. Donieft sicht d’Police no weideren Zeien, déi Hiweiser iwwert den Accident kënne ginn.

De Miess- an Erkennungsdéngscht vun der Police war op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO