All Woch maachen eng 370 Leit hir Spend am Zentrum fir Bluttspende vun der Croix-Rouge. Eng 13% vun de Leit, déi dohi ginn, ginn allerdéngs net als Spender zougelooss. D’Dr. Andrée Heinricy ass Responsabel vun de Bluttspenden an erkläert, dass dat dacks u banalen Infektiounen oder Medikamenter läit, déi d’Leit anhuelen. An deene meeschte Fäll ginn dës Leit awer just fir e kuerzen Zäitraum refuséiert, bis dass se erëm a gudder Gesondheet sinn.
Méi seele kënnt et vir, dass Leit duerch individuell Faktoren net als Vollbluttspender zougelooss ginn, zum Beispill wéinst engem Eisemangel. An dëse Fäll kënnen déi betraffe Persoune Plasma spenden. Dobäi kritt de Spender nämlech en Deel vum Blutt mam Eisen nach wärend der Spend zréck.
Et lount sech also, eng Kéier unzeruffen oder bei der Croix-Rouge laanscht ze goen, fir zesumme mat engem Dokter ze kucken, ob een als Spender a Fro kënnt a wéi eng Spend am beschten zu engem passt.