LiewensmëttelsécherheetWéini kënnt et zu Réckruffaktiounen?

RTL Lëtzebuerg
Wéi ginn ech als Consommateur geschützt? Um Midi du consommateur européen goufen dës a weider Froen diskutéiert.
© CEC Luxembourg

Liewensmëttelsécherheet / Reportage Nadine Kremer

De Service alimentaire vum Gesondheetsministère mécht reegelméisseg Kontrollen. Gëtt do ee Problem festgestallt, gëtt e Réckruff lancéiert. Där gëtt et zu Lëtzebuerg all Joer ronn 120.

An der Liewensmëttel-Reglementatioun ginn et zwee grouss Prinzipien, déi bei Kontrollen am Mëttelpunkt stinn. Deen éischten ass de Schutz vun de Konsumente géint Täuschungen an deen zweeten ass d'Gesondheet vum Konsument, sou de Patrick Hau vum Service alimentaire vum Gesondheetsministère.

Fält bei Kontrollen eppes Ongewéinleches op, da ginn et zwee Tippe vu Warnungen, déi eraus ginn. Op der enger Säit d'Alerten, déi jidderee betreffen, an op där anerer Säit d'Avertissements allergènes, déi am Prinzip just fir Leit interessant sinn, déi Allergien op Liewensmëttel hunn, sou de Patrick Hau.
De Service alimentaire verschéckt iwwregens och een Newsletter, deen ee kann abonnéieren, fir d'Informatioun esou séier wéi méiglech ze kréien.

Zu Lëtzebuerg gi souwuel den eegene Maart ewéi och d‘Importer kontrolléiert. Esou gëtt sécher gestallt, dass och Produiten, déi vu bausse kommen, konform sinn.
 
De Patrick Hau: Zu Lëtzebuerg ginn et 21 Kontrollsystemer fir déi ganz Liewensmëttelketten ofzedecken. An dat geet wierklech vun deem wat um Feld wiisst bis dat wat duerno bei iech um Teller ass. All Liewensmëttelbetrib muss kënne seng Liewensmëttel traçéieren, muss kënne seng Fournisseuren identifizéieren, muss och kënne soe wiem hien et da viru geliwwert huet.

De Konsument ka selwer net vill maachen a muss drop vertrauen, dass de Staat seng Kontrolle gutt mécht. Dat ass zu Lëtzebuerg och de Fall. Dem Patrick Hau sinn aus 20 Joer Beruffserfarung just zwee Fäll bekannt, wou e Konsument duerch e Produit krank gouf, iert d’Réckruffaktioun lancéiert gi war.  Fir méi Kontroll gëtt sech och via dräi Warnsystemer mam Ausland ausgetosch.

De Patrick Hau: Dat eent ass fir d'alerte rapide, wann eng Gefor besteet fir d'Gesondheet, mir hunn och nach ee System fir administrativ Kollaboratioun, wou mer eis kënnen echangéiere mat anere Memberstaaten iwwer Non-Konformitéiten, wou keng Gefor besteet fir d'Gesondheet, dovunner gëtt kee krank, mä et ass trotzdeem Täuschung. An et gëtt nach en drëtte System fir déi richteg Fäll vu Fraude.

Zanter 2018 gëtt et d‘Kommissariat fir Qualitéit, Bedruch a Liewensmëttelsécherheet. Dës zentral Entitéit erlaabt eng méi effikass Aarbecht fir d’Leit um Terrain an de Konsument huet och e kloer definéierten Uspriechpartner.

Back to Top
CIM LOGO