Dronen am HimmelWéini soll een d'Police alarméieren?

RTL Lëtzebuerg
Wéinst de rezenten Dronen-Alarmen zu Lëtzebuerg kucken aktuell warscheinlech méi Leit nuets an den Himmel.
"Wann ech just Luuchte gesinn an ech ka guer näischt zouuerdnen, muss dat keng Dron sinn."
© SIP

Mee wat soll ee maachen, wann een eppes gesäit, wat engem verdächteg virkënnt?

D'Police krut eegenen Aussoen no an de leschten Deeg besonnesch vill Meldungen. D'Leit missten awer net bei all Luucht um Himmel direkt den 113 uruffen.

De Generaldirektor vun der Police Pascal Peters:

"Mir haten elo an deene leschten Deeg esou vill Meldungen, wéi mer dat d'ganzt Joer iwwer haten."

Dacks kéint et sech nämlech och ëm e Fliger oder en aneren Objet handelen. D'Police réit de Bierger dofir, fir d'éischt selwer ze kucken, ob et sech tatsächlech ëm eng Dron handelt.

"Wann ech just Luuchte gesinn an ech ka guer näischt zouuerdnen, muss dat keng Dron sinn."

Eng Dron géif een zum Beispill dacks och héieren, nach ier ee se gesäit. Wann ee sech awer sécher ass, dass et sech ëm eng Dron handelt oder een en Objet mat engem ongewéinleche Fluchverhale feststellt, soll een d'Police informéieren.

D'Police weist och drop hin, dass Dronen net nëmmen eng potenziell Gefor fir d'Sécherheet duerstellen. Et geet och ëm d'Privatsphär. Dofir kënnen Dronen och am Dag fir Froen oder Meldunge suergen.

Fir allgemeng Informatiounen iwwert Drone kënnen d'Bierger sech bei der Police informéieren oder sech un d'"Ligne bleue" wenden op der Nummer +352 244 244 244.

Den 113 ass fir Urgencen a konkret verdächteg Situatiounen do.

Back to Top
CIM LOGO