
De Familljeministère huet 5,9 Milliounen Euro u concernéiert Privatleit verdeelt. 364 Stéit kruten eng Hëllef accordéiert.
Wat d’Assurancen ugeet, sou koumen déi bei der Landwirtschaft fir 30.000 op, bei den Entreprisë waren et 3,2 Milliounen a bei de Gemengen 10,2 Milliounen.
Bei deene Privatleit, déi eng Demande beim Familljeministère gemaach hunn an déi eligibel fir eng Hëllef waren, hunn d’Versécherunge bis elo e Montant vu knapp 3 Milliounen Euro rembourséiert.
Dat äntweren direkt 6 Ministeren den ADR-Deputéierte Keup an Engelen.