Vum GeriichtWéinst Mësshandlung veruerteelt an elo nees viru Geriicht

RTL Lëtzebuerg
Déi Kéier ass den 41 Joer ale Mann net wéinst Mësshandlung ugeklot, ma am Abrëll 2015 hätt hien een anere Mann mat der Fauscht an d'Gesiicht geschloen.

Den Ugekloten, deen am Mäerz 2018 wéinst dem Mësshandele vu sengem eegene Kand och an zweeter Instanz zu 4 Joer Prisong veruerteelt gi war, hat e Méindeg nees Rendez-vous um Stater Geriicht.

Ronn ee Joer no de Faite mat dem Kand, hat de Mann am Abrëll 2015 virun enger Disko zu Péiteng en anere Mann mat der Fauscht an d'Gesiicht geschloen. Iwwert déi uerg eventuell Suitten dovu gouf e Méindeg virun de Riichter gestridden. Dem Affekot no hätt d'Affer vun 41 Joer en Halstrauma dovu gedroen.

Den Eric Ewald erkläert de Fall vun engem Mann, deen zejoert wéinst Mësshandlung veruerteelt gouf an elo nees viru Geriicht steet.

Am Dezember wär eng permanent Onfäegkeet ze schaffe festgestallt ginn, déi duerch e CHL-Rapport vum Mäerz confirméiert gi wär, sou de Me Stroesser, deen eng Expertise gefrot huet, fir de geneeë Schued vum Mann festzestellen. Säi Client hätt zwee bis dräi Deeg dono schwéier neurologesch Problemer kritt, sot den Affekot, wouropshin de President vum Geriicht bemierkt huet: „Den Dag drop gouf am Escher Spidol awer näischt festgestallt!“

Fir de Me Stroesser kann et allerdéngs keen anere Grond fir dem Mann seng Problemer ginn, déi net vum selwe kéimen - de Mann wär och am Rehazenter a Behandlung. D'Problemer wären tëscht dem Virfall a senger Plainte, véier Deeg dono, komm, esou datt een Zesummenhank tëscht de Schléi an den Nowierkunge bestéing. Wat d'Affekotin vum Beschëllegte bestridden huet: An den Ae vun der Me Aïdara hätt de Mann scho virum Tëschefall e Problem gehat. Och si huet drop verwisen, datt den Dag drop näischt am CHEM festgestallt gi wär an huet sech och fir eng Expertise ausgeschwat.

Do virdrun hat de Mann gesot, datt den Ugekloten hien direkt virun der Disko geschloen hätt: Méint drop wär hien a Portugal gefuer, fir operéiert ze ginn. De Beschëllegten huet iwwerdeems bedauert, d'Affer geschloen ze hunn: Dat wär awer net wéinst senger operéiert ginn! De Mann hätt nämlech scho Problemer gehat, fir ze goen. „An Dir hutt en nawell geschloen?“, wollt de President wëssen. D'Affer wär deen Dag normal gaangen, war d'Äntwert dorop.

De Vertrieder vum Parquet huet ervirgehuewen, dass d'Schléi an d'Blessuren net kontestéiert wären; et géif sech just d'Fro no de Konsequenze stellen. Woufir hie fonnt huet, datt eng Expertise néideg wär.

D'Uerteel gëtt den 20. Juni gesprach.

Back to Top
CIM LOGO