
Wéi si versicht huet, d’Déier net ze geroden, ass d’Fra mat hirem Won géint e Luuchtepotto gefuer. Hiren Auto gouf dunn iwwert en Drot op e Feld geschleidert, wou e sech iwwerschloen huet. D’Automobilistin gouf bei der Kollisioun liicht blesséiert. Op der Plaz huet sech erausgestallt, datt si gedronk hat. Den Alkoholtest ass positiv ausgefall, si huet de Permis missen ofginn.
Fënnef weider Fürerschäiner goufen an der Nuecht agezunn. An der Rue Alexis Heck zu Dikrech ass eng Persoun mat 72 Km/h amplaz den erlaabte 50 Km/h geblëtzt ginn. Den Alkoholtest war positiv. Kuerz no Mëtternuecht gouf e weidere Chauffer mat 110 Stonnekilometer um Blvd Charles de Gaules zu Esch/Uelzecht gestoppt. Ausserdeem hat hie sech alkoholiséiert hannert d’Steier gesat. De Permis war hie lass, well hien däitlech ze séier ënnerwee war. Dann hunn nach 3 Leit zu Steeën an an der Stad missen hire Fürerschäi ofginn, well en ze héijen Alkoholafloss festgestallt gouf.