
Dat war de Fazit vum franséische President Emmanuel Macron no der Donateurskonferenz e Méindeg zu Paräis. Staatscheffen aus 20 Länner ware beienee komm, fir d’Militärhëllefen un d’Ukrain besser ze koordinéieren.
De Lëtzebuerger Premier Luc Frieden huet en Dënschdeg de Moie bei RTL op déi Propose reagéiert a betount, dass Russland bis ewell keng bedeitend strategesch Fortschrëtter gemaach hätt, mee de Krich nach laang net eriwwer wier. Dofir hätt een iwwer alleguer d’Méiglechkeeten diskutéiert, mee grad wéi vill aner Länner geséich Lëtzebuerg dat fir de Moment net als Optioun.
Bis ewell an nach ëmmer refuséiert Däitschland, sougenannten Taurus-Rakéiten, also Laangstreckewaffen, un d’Ukrain ze liwweren. Dat mat der Begrënnung, et wéilt een net an de Krich mat eragezu ginn, wann esou Rakéite russeschen Territoire géingen treffen. Dass déi Haltung mat där vum franséische President kéint kollidéieren, gesäit de Lëtzebuerger Premier net. All d’Länner op der Konferenz wiere sech eens gewiescht, dass Russland de Krich net gewannen dierft an et eng Gefor fir déi kollektiv Sécherheet wier, soss kéimen och NATO-Länner a baltesch Staaten als potentiell Ziler a Fro.
“Dofir musse mir alles maache, fir der Ukrain ze hëllefen, dat heescht och verschidden Typpe vu Waffen, déi virdrun net envisagéiert gi sinn. Aus Lëtzebuerger Siicht, vu dass mir keng Waffenindustrie hunn a keng Waffen a grousser Zuel kënne liwweren, dass mir alleguer eise finanziellen Effort fir de Kaf vu Waffe mussen erhéijen.”
Lëtzebuerg hätt bis elo 0,6 Prozent vu sengem PIB fir humanitär a militäresch Hëllef an der Ukrain ausginn, ma dat géing an Zukunft net duer. Well de Grand-Duché selwer keng Waffe liwwere kann, géing ee wëllen zesumme mat Tschechien Munitioun an Drëttstaate kafen. Fir de Moment kéint Europa net genuch Munitioun liwweren. Donieft goung et och ëm den Deminage op ukraineschem Territoire.
Egal wéi dierft et awer kee Krich mat Russland ginn.
Den ukrainesche President Selenskyj fuerdert viru Militärhëllef aus den USA. Do gëtt zanter Wochen en Hëllefspak vu 60 Milliarden Dollar vun de Republikaner blockéiert. Den US-President Biden huet dofir um Dënschde Rendez-vous mat Vertrieder aus dem Kongress.