Walobservateure vun der OSZEWichteg Missioun fir d'Josée Lorsché, de Gusty Graas an de Claude Haagen

RTL Lëtzebuerg
Déi ganz Welt kuckt en Dënschdeg op d'Walen an Amerika, wou en neie President gewielt gëtt.
Lëtzebuerger Walobservateuren zu Washington
Wichteg Missioun fir d'Josée Lorschée, de Gusty Graas an de Claude Haagen.

Fir ze kucken, ob bei den US-Walen alles gereegelt ofleeft, si ronn 100 onofhängeg Wal-Observateuren vun der OSZE op der Plaz. Dorënner och 3 Deputéiert aus Lëtzebuerg: de Gusty Graas, d'Josée Lorsché an de Claude Haagen. Virun allem ee Punkt kéint bei dëse Wale fir Onroue suergen: d'Bréifwal.

Schonn a senger Wal-Campagne huet den Trump sech jo méi wéi eng Kéier géint d'Bréifwal ausgeschwat a behaapt, dass dës Méiglechkeet, fir ze wielen, besonnesch ufälleg wier fir Wal-Manipulatiounen. Och dowéinst wier et wichteg, dass d'OSZE eng onofhängeg Wal-Observatioun garantéiert. D'Observateure maachen de ganzen Dag iwwer Kontrollen an de Wal-Büroen a si sinn och dobäi, wann d'Stëmmziedelen ausgezielt ginn. Dat soll et och méi schwéier maachen, d'Resultat unzefechten.

D'Land wier gespléckt, soen déi dräi Deputéiert, dat géing een zu Washington D.C. mierken. Virun allem, dass de President Trump scho gedreet huet, d'Wal net unzëerkennen, kéint zu Schwieregkeete féieren. Iwwer 95 Millioune Leit hunn an den USA scho gewielt, sief et per Bréifwal oder duerch den Early Vote, also d'Méiglechkeet, méi fréi an hirem Walbüro ze wielen. Dës Stëmme mussen awer nach ausgezielt ginn. Wann déi éischt Héichrechnunge knapp ausfalen, kéint hien d’Schold souzesoen dorop drécken an d’Wal fir sech proklaméieren.

Statistesch gesinn, géingen nämlech méi Demokraten op d'Bréifwal zeréckgräifen. Den Trump kéint also de System vun der Bréifwal fir sech instrumentaliséieren, sollten déi éischt Héichrechnunge knapp ausfalen. An deem Fall kéinten déi international Bewäertunge vun der OSZE eng bedeitend Roll spillen.

Back to Top
CIM LOGO