Besuch op der Covid-ReaWie sinn déi geimpft Covid-Intensivpatienten?

RTL Lëtzebuerg
D'Zuel vu geimpfte Covid-Patienten op der Intensivstatioun ass an de leschte 4 Wochen däitlech geklommen.
Besuch op der Covid-Rea
D’Zuel vu geimpfte Covid-Patienten op der Intensivstatioun ass an de leschte 4 Wochen däitlech geklommen.

Bis Ugangs November hate bal just ongeimpfte Persounen e ganz schwéiere Verlaf, esou haten am leschte Wocheréckbléck d’Hallschent vun den Intensivpatienten e komplett Impfschema.

Wie sinn déi geimpft Covid-Intensivpatienten?

E Freideg de Moien zu Esch op der Covid-Rea: 8 vun 11 Better si beluecht. D’Hallschent vun den Intensivpatiente si komplett geimpft. Déi net-geimpfte Patiente wieren e Stéck méi jonk wéi déi voll geimpften, seet den Dr. Romain Schockmel – Directeur médical vum CHEM.

Eng Ausso, déi sech mat den Zuele vun der Santé deckt. Am Zäitraum vum 1. Oktober bis de 24. November waren an der Alterskategorie 12-45 Joer exklusiv 5 net geimpfte Covid-Patienten op der Intensivstatioun. An de méi héijen Altersklassen equilibréieren d’Zuele sech ëmmer méi.

Wéi gesäit et aus mat de Virerkrankungen, respektiv de Risikofacteure vun de geimpften Intensivpatienten? Donnéeën, déi der Santé eegenen Aussoen no net virleien.

Op eis Nofro hin huet d’Spidolsfederatioun eng Momentopnam gemaach. Vun e Mëttwoch op en Donneschdeg louchen an de Lëtzebuerger Spideeler 23 Patienten op der Intensivstatioun. 11 ware komplett geimpft. 16 Virerkrankunge goufen am Ganze gezielt. Veschiddener haten also méi Comorbiditéiten. 6 Patienten haten e staark geschwächt Immunsystem, zum Beispill duerch Chemotherapien oder Medikamenter am Kader vun enger Transplantatioun. 3 Patienten haten Diabetes, 3 eng signifikativ Obesitéit a 4 Häerz-Kreeslaf-Krankheeten, wou jo gewosst ass, datt se de Verlaf vun der Covid Erkrankung verschlëmmeren.

D’Altersfortschrëtt vun dësen 11 Patiente reecht vu 45 bis 81 Joer, d’Moyenne läit bei 62 Joer. Bei 5 Patiente war dee leschte Vaccin opmannst 6 Méint hier.

Datt mëttlerweil d’Hallschent vun de Covid-Patienten op der Intensivstatioun komplett geimpft sinn, ass fir de President vun der Spidolsfederatioun FHL, den Dokter Philippe Turk, kee Grond de Vaccin a Fro ze stellen: “Mir wëssen, dass de Vaccin d’Sévéritéit vun der Krankheet reduzéiert. Forcément ni zu 100%, et ass ni schwaarz/wäiss.”

Fakt ass och, datt Stand en Donneschdeg vun 395.000 duebel Geimpfte Persounen, der 11 op de Covid-Intensivstatioune louchen. Vun ëm déi 200.000 net Geimpften, waren et der 12 - Proportiounen, déi och eppes Aussoen.

Back to Top
CIM LOGO