177.000 Blëtzer iwwer EuropaWiedere mat Blëtz, Donner a vill Reen och iwwer Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op en Donneschdeg huet et iwwert dem ganze Land ferm geblëtzt a gedonnert, begleet vun deels zolitte Reeschaueren.

E Mëttwoch am Dag war et nees subtropesch waarm an eiser Géigend. Am Laf vum Owend sinn am Norde vu Frankräich Wiederen entstanen, déi du vu Südwesten eran an d'Land gezu sinn an no an no de ganze Grand-Duché getraff hunn.

An hirem Gepäck haten déi Wiedere vill Reen - op ville Plazen huet et uerdentlech geschott. Blëtz an Donner hunn de Spektakel begleet. Zum Beispill um Kierchbierg, awer och op e sëllechen anere Plazen, wéi eis Fotogalerie beweist, dofir hei en décke MERCI fir Är Biller!

VIDEO: Slow-Motion-Video vun de Blëtzer zu Bieles
Opgeholl vum Loïc Schweicher um Mëttwoch den Owend.

Den 112 deelt en Donneschdeg de Moie mat, dass am Laf vun de leschte Stonnen eng 30 Appeller entgéintgeholl goufen. Zwee Beem sinn ëmgefall a 6 Kellere stoungen ënner Waasser.

Zu Zolwer an der Rue Aessen war de Blëtz an den Daach vun engen Haus ageschloen. Et ass kengem eppes geschitt. D'Pompjeeë vu Suessem-Déifferdeng waren op der Plaz.

Zu Dikrech ass de Blëtz an de Musée fir Militärgeschicht ageschloen. D'Pompjeeë vun Dikrech, Ettelbréck, Bettenduerf an Tandel. Och hei ass kengem eppes geschitt.

VIDEO: Biller vun den Donnerwiederen
.

Problemer um Findel

Um Findel haten d'Wiederen och Konsequenzen, eng Partie Volle konnten net zu Lëtzebuerg landen an hu mussen deviéiert ginn.

De Luxair-Vol vu Madrid gouf beim Lande vum Blëtz getraff. Passagéier, déi am betraffene Fliger souzen, schreiwen op Facebook, dass de Flillek vun der Maschinn getraff gi wier. Et ass kengem eppes geschitt.

De Fluch vu Malaga ass zu Lille gelant, ma och aner Flich goufen ëmgeleet oder hate Verspéidung.

An der zweeter Hallschent vun der Nuecht op en Donneschdeg huet sech d'Wieder dann nees berouegt.

MOV-Datei: Wieder zu Schous, by Yannick Zuidberg.

VIDEO: Angelduerf: Blëtzer an der Slo-Mo
Vum Andy Brücker
VIDEO: Blëtz an der Belsch, eng 20 km hanner der Grenz
Gefilmt vum Alexander Kraß
VIDEO: Blëtz zu Bierchem
Gefilmt vum Karine Durbach

Meteolux hat fir d'Zäit vum Mëttwoch den Owend 20 Auer bis en Donneschdeg an der Nuecht 1 Auer eng Alerte orange erausginn - wéinst der Méiglechkeet vu staarke Wiederen.

Wann Dir eis eng Foto wëllt schécken: foto@rtl.lu
Deelt eis w.e.g. ëmmer mat, wou d'Foto gemaach gouf, Merci!

METEO: Wéi ass d'Wieder, wéi gëtt d'Wieder? Hei all d'Infoen an de Bléck vun eise Panorama-Kameraen.

Den däitsche Wiederdéngscht huet e Mëttwoch den Owend net manner wéi 177.000 Blëtzer iwwer Europa registréiert. D'Wiedere si vu Frankräich aus iwwert d'Benelux-Länner Direktioun Däitschland gezunn. Dat wier eng uerdentlech Zuel u Blëtzer, heescht et um Donneschdeg de Moie vun de Meteorologen. Am Saarland koum et zu deels orkanaartegen Wandstéiss. Op sengem Wee Direktioun Norden huet d'Wieder dunn awer u Kraaft verluer an ass um Donneschdeg de Moie fréi eraus op d'Nordsee gezunn.

D'Evolutioun e Mëttwoch den Owend

Um Dënschdeg

Héichsummerlech war et en Dënschdeg an den Thermometer hat et op bis zu 31 Grad gepackt. Subtropesch, dat war gemellt an esou war et och. Just géint der Owend hunn de Grand-Duché aus dem Westen hier d'Ausleefer vun engem Déif erreecht, déi Donnerwieder an nawell deels fatzeg Wandstéiss matbruecht hunn.

MeteoLux hat am Laf vum Dënschdeg dowéinst och eng Alerte Jaune erausginn, aus där dunn eng Alerte Orange ginn ass. Tëscht 18 Auer an 22 Auer huet sech den Himmel och effektiv zougezunn an et huet plazeweis nawell fatzeg gedubbert, geblëtzt an och gestiermt. Kuerz a kräfteg Reeschaueren sinn deels nach dobäi komm mat dotëscht Knëppelsteng.

Déi nächst Deeg

No deenen 2 Summerdeeg fält den Thermometer nees op frësch 16 bis 20 Grad. E Freideg soll et dann nees mat bis zu 26 Grad méi sonneg ginn, do erwaarden eis owes leider awer nees Donnerwiederen.

De Weekend bleift et frëndlech mat e puer Wolleken, och d'Sonn léist sech do e puer Mol weisen. Dat Ganzt bei Temperaturen ëm 16 bis 20 Grad. Um Päischtsonndeg klëmmt den Thermometer bei ähnleche Konditiounen dann awer op bis zu 25 Grad.

Back to Top
CIM LOGO