De WaldagWielen, waarden, sech vläicht wonneren

Marc Hoscheid
Um Sonndeg sinn d'Bierger opgeruff, hir Stëmm ofzeginn. D'Gemengewale vun 2017 hu gewisen, datt d'Resultater deels laang op sech waarde loossen.
© RTL/Archiv

Zanter 8 Auer lafen d’Gemengewalen an d’Büroen hunn hir Dieren nach bis 14 Auer op. Dono fänkt virun allem fir d’Kandidaten d’Zäit vum Waarden un. Wéi laang, dat hänkt ganz vun der Gréisst vun de Gemengen a vun der Vitesse mat där an deenen eenzele Walbüroen ausgezielt gëtt. Ma och wann d’Resultater bis virleien, ass nach net onbedéngt gewosst, wien da lo déi nächst 6 Joer d’Soen huet.

Fir d’éischt gëllt et ze ënnersträichen, datt zu Lëtzebuerg och bei de Gemengewalen eng Walflicht besteet. Dat heescht Lëtzebuerger, déi tëscht 18 a 75 Joer al sinn an déi Auslänner, déi sech op d’Wielerlëschten agedroen hunn, mussen wiele goen. Ausgeholl sinn déi Leit, déi dee Moment vun der Wiel an enger anerer Gemeng wunnen, wéi do wou se zur Wal opgeruff goufen. Zur Wourecht gehéiert awer och, datt et zanter 1964 keng Suitte méi hat, wann ee seng Stëmm awer net ofginn huet. Déi Leit, déi hirer Flicht nokommen, respektiv hiert Recht ausübe wëllen, musse sech bis spéitstens 14 Auer am Walbüro presentéieren. Soubal d’Büroen zou sinn, fänkt d’Ausziele vun de Stëmmen un, dorënner och déi déi per Bréif komm sinn. Normalerweis sinn d’Walbüroe fir de Public op, et duerf ee just net beim Ausziele stéieren. De jeeweilege President vum Walbüro kann den Zougank awer och refuséieren. Ee Beispill ass dëst Joer Ierpeldeng-Sauer, wat rezent nawell fir Diskussiounen op Facebook gesuergt hat.

2017 ware Bech a Feelen déi séierst Gemengen, knapp viru Wanseler. Méi Gedold ass an deene grousse Gemenge gefrot. Zu Esch war dee leschte vu 36 Walbüroen knapp virun 10 Auer owes ausgezielt, zu Déifferdeng koum d’Resultat e bëssi méi spéit an an der Stad gouf et no Hallefnuecht. Zu Péiteng huet et souguer bis hallwer 1 an der Nuecht gedauert. A well zu Kayl nach eng Kéier nei ausgezielt gouf, louch do dat offiziellt Resultat réischt den Dag dono kuerz viru 4 Auer mëttes vir.

Ma och wann d’Resultat éischter virläit, ass nach laang net gesot, datt direkt gewosst ass, wéi eng Parteien eng Koalitioun forméieren. Deen ominéise Wielerwëllen ass bekanntlech net ëmmer ganz liicht ze interpretéieren. An der Stad hat et viru 6 Joer beispillsweis ronn ee Mount gedauert, bis de Koalitiounsaccord vun CSV an DP ënnerschriwwe gouf. Zu Esch hat d’Dräierkoalitioun aus CSV, DP an déi Gréng par Konter just 16 Deeg gebraucht fir zesummenzefannen. Ma egal wéi, éiweg kënne sech d’Politiker awer net Zäit loossen, d’Frist fir d’Vereedegunge leeft nämlech bis den 1. September. Bis dohinner ass et jo nach e bëssi, an äert ee vereedegt ka ginn, muss ee fir d’éischt mol gewielt ginn.

Back to Top
CIM LOGO