
D'Buergermeeschtesch Lydie Polfer huet um Donneschdeg de Moien um Bord vun der Presentatioun vum Wanter-Evenement "Winterlights" confirméiert, dass d'Gemeng de 25. November proposéiert hat fir eng Reunioun tëscht de Biergerinnen a Bierger, de Gemengeresponsabelen an och concernéierten Regierungsmemberen. Deen Datum géif dem Policeminister Henri Kox awer net an de Kalenner passen, esou d'Lydie Polfer.
Dofir gëtt elo no engem aneren Dag gesicht. De 15. November leeft de Kontrakt mat der Sécherheetsfirma G4S aus, déi den Ament Patrullen am Garer Quartier mécht. Eng Verlängerung oder eng Opléisung vun deem Vertrag stéing den Ament net zur Diskussioun, betount d'Gemengemamm Lydie Polfer. Éier déi Tâche nei ausgeschriwwen gëtt, wéilt een d'Konklusiounen aus der Biergerversammlung ofwaarden.
D'Firma G4S stoung rezent deels an der Kritik, wéinst engem Tëschefall op der Gare. Do hat en Hond vun engem Sécherheetsagent eng Persoun an d'Been gebass. Déi genee Ëmstänn vun deem Incident sinn nach net gekläert.
Vum 19. November bis den 2. Januar ass d'Stad nees feierlech beliicht an et ginn eng ganz Partie verschidde Sitten op deenen divers Buden a Butteker stinn. Fir d'Sécherheet vun de Visiteuren a fir géint Vandalismus virzebeugen, ginn déi Sitte virop owes an nuets observéiert. Véier privat Sécherheetsfirmaen deele sech déi Aufgab op. G4S ass keng vun deenen.
Eng fënneft Sécherheetsfirma gëtt nach gesicht, déi am Kader vun de "Winterlights" patrulléiere soll.
De Chrëschtmaart an der Stad gëtt ënner CovidCheck organiséiert. Dat huet d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer matgedeelt. Déi Haaptsitte vun de "Winterlights" 2021, sou wéi zum Beispill d’Schlittschongpiste op der Kinnekswiss, de Nikloosmart op der nei amenagéierter Paräisser Plaz, an eben de Chrëschtmaart op der Plëss, kann ee just mam CovidCheck besichen.
“Dat heescht déi do Plaze sinn ofgeséchert ronderëm. Et kënnt een also net vun egal wou eran an do wou een erakënnt, muss een de CovidCheck maachen an da kritt een e Bändchen a mat dem Bändche kann een dann natierlech och op déi aner Plaze goen”
Déi ganz Organisatioun vun de "Winterlights" mat de feierleche Luuchte kascht gutt 3 Milliounen Euro, dovu sinn 1,2 Millioune fir d'Beliichtung. Do wären awer och Acquisitioune mat agerechent, déi och bei enger nächster Editioun nees kënne benotzt ginn, esou den DP-Schäffen Patrick Goldschmidt.
Eng Première feiert och de "Wanterkids" um Haff vum ale Kolléisch. Do ginn et vill Aktivitéite fir Kanner. En Highlight sinn och dëst Joer d’ Beliichtungen an Deko, sou de CSV-Schäffe Serge Wilmes.
"Wann déi däischter Joreszäit kennt, versiche Mënschen de Stied eppes ze bidden, andeems se Luucht benotzen, a sech et da gemittlech maachen. Fir eng Kéier just eng Zuel ze gi fir trotzdeem ze weisen, wat dat bedeit, dat sinn am Ganze lo well 1500 Luuchten, Dekoren, déi et an der Staat, wärend der Zäit wäerte ginn.”
D'Gemeng Lëtzebuerg versicht hei sou wéineg Stroum wei méiglech ze verbrauchen, andeems se 100% LED Luuchte benotzt. Skulpturen aus Äis wäert et net nom déidlechen Accident am Wanter 2019 méi ginn, esou d‘Lydie Polfer.
CovidCheck fir de Chrëschtmaart, de Wantermaart, Nikloosmaart, Winterlights on Ice a WinterkidsWeider Informatiounen iwwert d'Winterlights um Site vun der Stad Lëtzebuerg