Wichteg fir Lëtzebuerger EkonomieWirtschaftleche Bilan vun der Weltexpo zu Dubai

Annick Goerens
Just nach eng gutt Woch laang, bis den 31. Mäerz, kann een d'Welt-Ausstellung an de Vereenegten Arabeschen Emirate besiche goen.
Wirtschaftleche Bilan vun der Weltexpo zu Dubai
E Mëttwoch gouf deen éischte wirtschaftleche Bilan vun der Expo zu Dubai gezunn, déi déi éischte Kéiert an engem arabesche Land organiséiert gouf.

Zanter dem 31. Oktober leeft d’Expo zu Dubai ënnert dem Motto “Connecting Minds, Creating the Future” an et war och déi éischte Kéier, dass eng Weltausstellung an engem arabesche Land organiséiert gouf. E Mëttwoch de Moien gouf een éischte wirtschaftleche Bilan gezunn.

Bilan Weltexpo Dubai / Reportage: Annick Goerens

Wéinst der Pandemie huet de Start vun der Weltexpo scho misse geréckelt ginn, vu Oktober 2020 op Oktober 2021 an trotz der Omikron-Variant, déi am Wanter verschiddenen Evenementer ee Stréch duerch d’Rechnung gemaach hat, ass d’Chambre de Commerce ganz zefridde mam Succès vum Lëtzebuerger Pavillon.

Den Direkter Carlo Thelen:

“C’était pour chaque mission un grand succès pour toutes les entreprises. Il y avait quand même toujours beaucoup de monde, malgré le contexte difficile. 273 entreprises et représentants d’entreprises qui ont participé aux 6 missions. 161 entreprises et presque une centaine d’officiels ou des représentants de l’université des centres de recherche, de LuxInnovation, donc de tous nos partenaires qui ont participé et nous aidé à mettre en place ce programme.”

De President vun der Chambre de Commerce Luc Frieden ënnersträicht, wéi wichteg esou Weltausstellunge sinn fir d’Lëtzebuerger Ekonomie.

“Den Handel ass e Bréckebauer. Den Handel ass wichteg mat ville Länner op der Welt an och net just mat deenen, wou een all Meenung deelt, well et och drëm geet, fir de wirtschaftlechen a soziale Wuelstand vun de Leit bei eis doheem, ma och an der Welt ze erhéijen. Mir liewen an enger globaler Ekonomie, an dozou gehéiert selbstverständlech den Noen Osten, dozou gehéiert awer och Asien. An an Asien spillt Japan natierlech eng historesch grouss Roll. Net nëmme Japan, mee och China an aner asiatesch Staaten.”

Genee dofir huet d’Chambre de Commerce och decidéiert, fir un der nächster Weltausstellung 2025 zu Osaka a Japan deelzehuelen.

Sécherlech ass, dass Japan och fir d’Weltausstellung méi wäit ass, wat dann och héchstwarscheinlech méi komplizéiert ass fir déi eng oder aner Entreprise, fir matzegoe wéinst de Flich. Et ass e bëssi méi komplizéiert, mee och do ass d’Rôle vun der Chambre de Commerce ganz wichteg. Mir sinn oft deen, deen d’Hand gëtt, fir dohinner ze kommen. Lëtzebuerg huet eng Ambassade a Japan. Lëtzebuerg huet eng wirtschaftlech Representatioun a Japan. An dofir ass dat fir eis net en neien Marché. An dann nach eng Kéier eng Weltausstellung mécht ee jo net nëmme wéinst dem Land, wou d’Ausstellung ass, mee fir déi ganz Regioun.”

Och zu Dubai hätt een am Endeffekt net just wirtschaftlech Relatioune mat den Vereenten Arabeschen Emiraten opgebaut, mee wäit doriwwer eraus. Genee dat wier och d’Zil vun der Weltausstellung zu Osaka, sou nach de President vun der Chambre de Commerce.

Back to Top
CIM LOGO