Statec iwwer KonjunkturWirtschaftswuesstem 2018 an 2019 no ënnen revidéiert, Reprise fir 2020

Fanny Kinsch
Déi negativ wirtschaftlech Entwécklung op internationalem Niveau fänkt un en Néierschlag op Lëtzebuerg ze hunn.
VIDEO: Handelskrich a Brexit belaaschte Konjunktur
De Statec huet en Donneschdeg d'Lag vun der Konjunktur beschriwwen.

Den Handelskrich tëschent den USA a China an d’Onsécherheet ronderëm de Brexit hunn en negativen Impakt op déi wirtschaftlech Entwécklung zu Lëtzebuerg. De Serge Allegrezza, Direkter vum Statistikinstitut:

"Deen Handelskrich tëscht den USA a China, dee jo och en technologesche Krich ass, dass deen ufänkt z'eskaléieren an e Ralentissement weltwäit am Gaangen ass ze provozéieren, deen och op Europa iwwerspréngt. An et gesäit een elo an der Eurozon, datt do d'Croissance erofgeet méi no bei 1 Prozent an dat huet natierlech och en Impakt op Lëtzebuerg. Dofir hu mer eis Perspektive fir dëst Joer, d'nächst Joer erofgeholl, mä et muss ee soen et bleift, wann een déi zwee Joer zesummenhëlt, also dëst an d'nächst Joer, bleift ronderëm dräi Prozent, wat ëmmerhin nach eng ganz gutt Croissance ass, speziell wann ee gesäit, datt de Chômage weider erofgeet, den Emploi weider wiisst."

Dat war ee vun de Kärmessagë vum Statec, deen en Donneschdeg de Moien déi éischt Note de conjoncture fir 2019 presentéiert huet. De Wirtschaftswuesstem gouf no ënne revidéiert fir 2018 a 2019, soll 2020 awer nees liicht an d’Luucht goen. Déi nächst Indextranche soll am véierten Trimester 2019 falen. De Statec huet iwwerdeems den Impakt vun der Budgetspolitik op d’gesamtwirtschalftech Situatioun an den nächste Joren analyséiert.

Statec Note de conjoncture: Rep. Fanny Kinsch

Sechs Mesurë goufen hei méi genee ënnert d’Lupp geholl: d’Hausse vun den Accisen um Sprit, de gratis ëffentlechen Transport, den Accord salarial am ëffentlechen Déngscht, d’Hausse vum Mindestloun, d’Baisse vun der Betribsbesteierung an d’Reduktioun vun der Aarbechtszäit. Zesummegeholl hätten dës Mesuren e positiven Impakt op d’Beschäftegung an op de PIB, esou de Statec-Direkter Serge Allegrezza:

"Dat heescht schonn, bewierken déi Mesuren eppes, a mir hunn och e speziellen Encadré an dëser Note de conjoncture, an där mer och kucken, wat den Impakt ass, op d'Ëmverdeelung a Saachen Impakt vun der Ökosteier kombinéiert mat deem vun der Gratuitéit vum Transport, wou ee gesäit, dass déi Menagen, déi manner favoriséiert sinn am meeschte wäerten dovunner profitéieren."

Op de Budgetssaldo, also den Ënnerscheed tëschent den ëffentleche Recetten an Depensen, wäerten d’Hausse vun den Accisen, den Accord salarial an d’Hausse vum Mindestloun e liicht negativen Impakt hunn, esou d’Statistikinstitut. D’Erofsetze vun der Betribsbesteierung op där anerer Säit hätt kee relevanten Impakt op de PIB, den Emploi oder d’ëffentlech Finanzen, esou de Ferdy Adam vum STATEC, well ...

"... wa mer déi Steiersätz erofsetzen, dass mer och à la marge och e bësse base imposable unzéien. Sou dass déi Mesure am Fong kee Coût hätt. Dat ass dat, wat eis Aarbechte weisen, an de Regierungsdokumenter, am Budget steet e Coût vu 60 Milliounen, mir mengen, datt dee Coût géint 0 tendéiert, duerch déi favorabel Effets induits op d'Base imposable."

Vun der Reduktioun vun den Aarbechtszäiten duerch den zousätzleche Feierdag a Congésdag erwaart de Statec sech e positiven Impakt op d’Beschäftegung. D’Betriber missten doduerch méi Aarbechtsplaze schafen, an dat hätt och e positiven Impakt op de Wuesstem.

PDF: Schreiwes vum Statec

Back to Top
CIM LOGO