
Awer och fir déi Leit, déi d'Asylrecht schonn zougesprach kruten, d'BPIen also, d'Bénéficiaires de protection internationale. Dacks versti si weder eng vun de Sprooche vum Land, nach hu se genuch Moyenen, fir d'Logementspräisser ze bezuelen. A vill Gemenge sinn dofir speziell Strukture fir d'Migranten opgaangen.
Enn 2016 hu ronn 2.800 Leit hei am Land an esou Strukture fir Migrante gelieft, de Gros dovunner waren Demandeurs d'Asyle, nämlech Ronn 2.500.
Enn 2017 ass de Chiffer vun deenen Leit, déi Asyl gefrot hunn, erofgaangen a logescherweis ass dunn dee vun den BPIen, also deene Leit, déi dunn d'Asylrecht hei am Land kruten, eropgaangen. 2.400 Leit hunn am Dezember 2017 am Ganzen an esou Strukture gelieft.
Zejoert ass de Chiffer vun den Demandeuren nach eemol erofgaangen op ronn 1.000 Leit. An dee vun den Beneficiairen nees erop op Ronn 1.400.
Dës Zuele ginn aus der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte vun de Pirate Sven Clement ervir.
D'Stad Lëtzebuerg ass déi Gemeng hei am Land, déi am meeschte Leit an esou Strukturen accueilléiert. 508 Persounen, dorënner 330, déi schonn de Statut kruten an 178, déi nach dorobber waarden.
Direkt duerno kënnt Dikrech mat 281 Persounen an op drëtter Plaz ass Suessem mat 268 Leit.
Den OLAI, den Office Luxembourgeois de l'Accueil et de l'Intégration huet 58 Strukturen am Ganzen. 24 gi vu Partner geréiert, déi mam sozialen Encadrement an der sozio-edukativer Betreiung mandatéiert goufen. D'Croix Rouge geréiert 12 Strukturen, do virun allem och déi vum Primo Accueil, also wann d'Migrante fir d'éischte Kéier am Grand-Duché ukommen an d'Caritas geréiert och nach 12 Strukturen.
Déi Flüchtlingen, déi schonn de Statut kruten an och vu verschiddenen Hëllefe profitéieren, musse jee no der Zesummesetzung vum Menage am Schnëtt tëscht 450 a 650 Euro de Mount fir dëse Logement bezuelen. Den OLAI huet eng speziell Prozedur fir d'Verdeelung vun den Demandeurs d'Asyle.
D'Famillje mussen intakt bleiwen a ginn zesumme logéiert. Verschidde Strukture sinn och fir spezifesch Populatiounen reservéiert: Familljen, Fraen, Männer, Mineuren, déi eleng ënnerwee sinn an Personnes à mobilité réduite.