CNS vs. FapsyluxWou sinn d'Negociatioune ronderëm de Remboursement vu Psychotherapeuten drun?

Claudia Kollwelter
Aktuell geet et tëscht der Gesondheetskeess an der Associatioun vun den Psychotherapeuten, der Fapsylux, ëm d'Tariffer.
© Shutterstock

Remboursement vu Psychotherapeuten / Rep. Claudia Kollwelter

D’Negociatioune ronderëm de Remboursement vun de Psychotherapeute lafen nach ëmmer an dat elo schonns zanter Joren.

Ufank Mäerz huet d’Fapsylux eng Tariff-Recommendatioun un hir iwwer 500 Memberen erausginn, déi sech op 175 pro Seance beleeft. Der Presidentin Delphine Prüm no wier dat och e klore Message un d’CNS: Dat ass eise Präis an dee vun enger Sëtzung. Ënnert dee gi mir net schaffen. Dat maache mer elo souwisou. Wisou sollte mer Diskussiounen hunn an op Kompromësser agoen, wa mer dono do sëtze wéi elo?

De Montant géif engersäits op der Zäit baséieren, déi den Therapeut wärend enger Sëtzung mam Patient schafft: Mee fir déi Stonnen ze prestéieren, brauche mer Vir- an Nobereedungszäit. Tëscht de Sëtzungen hu mer Kontakt mam Patient, musse Recherchë maachen a sou weider. Mir hunn e Beruff, wou mer net Patiente 40 Stonnen d’Woch kënnen empfänken.

Riskéiert an net ganz glécklech nennt de Christian Oberlé, President vun der CNS, d’Tariff-Recommendatioun vun der Fapsylux: Mir hu bewosst kee Montant annoncéiert. Mir sinn dofir do, eisen Assuréeën hir Psychotherapie ze finanzéieren. Mir sinn net dofir do, de Psychotherapeute méi ze ginn, wéi se elo fueren. Wann déi Tariffer sech elo iwwert déi lescht Joren agependelt hunn, ass dat eng gesond Referenz, well et jo sou vun hinnen och iwwert d’Joren applizéiert gouf.

Mat deene Virstellunge vun Tariffer, déi d’Fapyslux hätt, misst een dem Christian Oberlé no alles erëm a Fro stellen, wou ee bis ewell Eenegunge fonnt hätt. Donieft géifen déi Tariffer sech zum Deel iwwert deem situéieren, wat verschidde Medezinner hei am Land verdéngen, déi awer méi Studie gemaach hunn: Dat kënne mer net maachen. Mir géifen de ganze System desequilibréieren. Hir Virstellung ass zum Deel duebel sou héich wéi dat, wat am Ausland gefrot gëtt vu Psychotherapeuten. Mir géifen do en Appel d’air schafen, dee mir als Gesondheetskeess net géife packen.

3 weider Negociatiounsronnen tëscht der CNS an der Fapyslux sinn elo mol bis Mee geplangt.

Back to Top
CIM LOGO