SchwunnendallWouhi mat den doudegen Déieren? A wat geschitt mat de Kadaveren?

Monique Kater
An der Gemeng Luerenzweiler steet de Clos d’équarrissage. Hei gi Kadavere vun Déiere gesammelt an dann an d'Ausland exportéiert.
Schwunnendall: 2022 goufen hei ronn 43.000 Déierekadaver gesammelt
An der Gemeng Luerenzweiler steet de Clos d’équarrissage. Hei gi Kadavere vun Déiere gesammelt an dann an d’Ausland exportéiert.

1961 huet d’Regierung decidéiert, fir 20 Millioune Frang am Schwunnendall e Clos d’equarrissage ze bauen. Dat ass eng Plaz, wou d’Déierekadaveren entsuergt an d’Reschter verwäert ginn. Bis uganks 70er gouf hei aus den Déierefetter zum Beispill Seef gemaach: Zanterhier ginn déi doudeg Notz- an Hausdéieren hei am Land vun der belscher Firma Rendac agesammelt an da vum Schwunnendall aus an eis Nopeschland bruecht, wou d’Kadavere verbrannt ginn.

Jo, et ginn der, déi kucke sech d’Rapporte vum Landwirtschaftsministère un, an déi trëllen dann iwwer dee bizare Begrëff “clos d’équarrissage”, wat op däitsch “Tierkörperbeseitigungsanstalt” heescht. Op Lëtzebuergesch: Schwunnendall. Luerenzweiler Gemeng, lénks vun der Autobunn Richtung Miersch an enger Sakgaass läit de Lëtzebuerger Sëtz vun der Firma Rendac, déi zu der amerikanescher “Darling ingredients” gehéiert, déi a Pharma- a Liewensmëttel ënnerwee sinn, an zum Beispill Gelatine maachen.

Hei am Land gëtt awer näischt anescht gemaach, déi d’Kadavere vun den Déieren ze sammelen an se dono aus dem Land ze schafen. An där Kadaver kommen der vill am Joer zesummen.
2022 koumen 23.029 doudeg Déieren an de Schwunnendall. Do sinn d’Zuele vun den Hénger net abegraff. Vun deene goufen 42 Tonne agesammelt, dat mécht eiser Rechnung no iwwert den Daum 20.000 Hénger an dann am ganzen also ronn 43.000 Kadaveren.

Wat grouss Déieren ugeet, sinn déi aus der Rannerproduktioun zueleméisseg ganz uewen !

17.018 Kadaveren, Fleesch- a Mëllechkéi landen an dëser Sakgaass, vun där am Ganzen 186.796. Eppes manner wéi 10 Prozent vun all de Véi hei am Land waren also krank. Der Veterinärsinspektioun no ass dat awer eng normal Perte fir déi 1.141 Betriber.

Eppes ass awer eenzegaarteg un dëser Situatioun hei zu Lëtzebuerg. Eis Primm fir d’Euthanasie vun den Déieren, well den Transport an d’Entsuergung vun den Notzdéiere gëtt vum Staat bezuelt. 1,2 Milliounen Euro investéiert de Staat dofir.

Pour Info dann nach dat hei: D’Mëllechkéi, déi um Enn sinn, ginn och nach geschluecht, landen a Wurscht oder Hamburger an drécken de Präis vum Schluechtvéi. An hoffentlech benotzen Darling ingredients, zu deenen Rendac gehéiert, keng Kadavere fir hir Gelatine.

Back to Top
CIM LOGO