LogementWunne bleift weiderhi ganz deier zu Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
Nei Appartementer si liicht méi bëlleg ginn, ma d'Käschte fir d'Locatioun si weider an der Hausse.
© Shutterstock

Am 3. Trimester dëst Joer sinn d'Präisser fir schonn existent Appartementer an Haiser relativ stabel bliwwen, mat enger liichter Hausse no uewen.
Déi nei Appartementer par Konter si méi bëlleg ginn, ëm ëmmerhin iwwer 10% op ee Joer gekuckt.

De Locatiounsmarché ass awer weider an der Hausse, och wann et vun Trimester op Trimester mol Changementer gëtt.

An alle Regiounen sinn d'Loyeren bannent engem Joer an d'Luucht gaangen. Am Süden zum Beispill am meeschten mat engem Plus vun 11,6%, am Zentrum nach am mannsten mat engem Plus vun 3,5%. Dat alles geet aus den neisten Zuelen vun atHome.lu ervir a bezitt sech op déi affichéiert Präisser an den Annoncen.

Back to Top
CIM LOGO