
Zuelen, déi klammen, oder d’Booster-Impfung... dorëms geet et haut och am Regierungsrot.
Um 15 Auer gëtt et dann och eng Pressekonferenz vum Premier Bettel a vun der Gesondheetsministesch Paulette Lenert.
Den Direkter vun der Santé, den Dr. Jean-Claude Schmit, hat en Donneschdeg bei der Froe-Stonn op Facebook schonn duerchblécke gelooss, datt bei de Booster-Impfungen, also der 3. Impfung, d’Alterslimitt ganz séier nach emol dierft no ënnen ugepasst ginn.
D’Pressekonferenz kënnt der live am Stream op rtl.lu suivéieren.
Déi leschte gemeinsam Pressekonferenz mam Xavier Bettel an dem Paulette Lenert zesumme war den 8. Oktober 2021.