Et wier een am Ufank vun der schwéierster an onsécherster Zäit, déi eist Land kannt huet, huet de Xavier Bettel an der Chamber a senger Deklaratioun no der Tripartite ënnerstrach. Et wéisst keen, wéi de Krich an der Ukrain sech weider géif entwéckelen, an et wéisst keen, wat muer géif geschéien. Ma et géif feststoen, datt ee keen am Ree géif stoe loossen, an deenen ënnert d’Äerm gräifen, déi et am meeschte bräichten.
No iwwer 40 Stonne Sozialdialog bedauert de Premier, datt den OGBL säin Accord net ginn huet an huet vun engem Accord geschwat, deen historesch Dimensiounen ugeholl hätt.
“Et ass en historesche Pak vu Mesuren, dee ronn 830 Millioune kascht. E Solidaritéitspak.” Dat huet de Premier Xavier Bettel a senger Deklaratioun an der Chamber no der Tripartite betount. “All Menage kritt mat dësem Pak méi Kafkraaft”, huet de Staatsminister ënnerstrach a bedauert, datt eng Gewerkschaft net ze iwwerzeege gewiescht wier.
D’Tripartite wier awer net gescheitert, sot de Xavier Bettel, och wa just 4 vu 5 Acteuren en Accord fonnt hätten. Datt den OGBL net mat op de Wee gaangen ass, kann de Premier net verstoen.
“Ech froe mech haut, ob dës Gewerkschaft iwwerhaapt wollt iwwerzeegt ginn. Ech stelle mer déi Fro, well ech bis haut hir Fuerderungen net all novollzéie kann.”
D’Regierung war an ass net d’accord, datt zukünfteg Generatiounen drënner leiden, datt Suen op Salairë geheit ginn, déi net gebraucht ginn, huet de Xavier Bettel betount.
“D’Propositioun vum OGBL hätt 1,5 Milliarde kascht. Dat wier fir eis total irresponsabel gewiescht an och net sozial gerecht.”
Bei der Kompensatioun vum Index a beim Kafkraaftverloscht géif mam Mesurëpak iwwerdeems och un déi Leit, déi de Revis oder eng Studentebourse kréien, geduecht ginn, déi also net vum Steierkredit kënne profitéieren. Heifir wieren nach emol 14,5 Milliounen Euro op den Dësch geluecht ginn. De Premier huet um Schluss vu senger Deklaratioun nach emol eng Partie Punkten ervirgestrach.
“D’Regierung steet zum Sozialdialog, zum Index, zur Solidaritéit, fir d’Kafkraaft, fir d’Betriber a fir eng sécher Zukunft.”