
Op der Dagesuerdnung sti wéi gewinnt Gespréicher iwwert d’bilateral Relatiounen awer och eng Promenad op der Corniche an der Stad. D’Sanna Marin hat jo an engem Interview gesot, dass, wa si misst mat engem europäesche Leader Party maachen, da wier dat mam Xavier Bettel. Si war selwer kritiséiert ginn, nodeems Videoe vun hir op enger Party opgedaucht waren.