Déi finnesch Premierministesch Sanna Marin war rezent fir eng Visitt an Australien. An deem Kader war si och an der Fernseeserie "The Project" bäigeschalt.

Wärend dem Interview, dee si an der Serie ginn huet, gouf si ënner anerem gefrot, firwat Finnland op der éischter Plaz vun de glécklechste Länner op der Welt steet. Ma och méi seriö Themen ewéi de finneschen NATO-Bäitrëtt an d'Relatioun tëscht dem Westen a China goufen ugeschwat.

Ma wärend dem Interview gouf d'Sanna Marin, déi jo rezent wéinst engem Video, op deem ee si beim feiere gesäit, an de Fokus gerode war, och gefrot, mat wéi engem anere Regierungschef si am léifsten op den Tour goe wéilt. No e bëssen hin an hier huet si da gesot, dass, wa si sech fir ee vun hiren Aarbechtskolleegen entscheede misst, hire Choix hei op de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel fale géif.

Hei kënnt dir den Interview vum Sanna Marin op der australescher Tëlee kucken