
Domat soll d‘Aarbecht vun de Vereenten Natiounen, der weltwäiter Croix-Rouge a vu Lëtzebuerger ONGen, déi an der Ukrain an hiren Nopeschlänner Flüchtlingen ophuelen, ënnerstëtzt ginn. Ausserdeem hätt ee Material zur Verfügung gestallt fir an der Ukrain déi mobil Satelliteplattform Emergency.lu kënnen ze notzen. Fir dës ze notzen wieren och Leit forméiert ginn.
Dobäi komme Spenden iwwert de CGDIS, vu méi wéi 50 Tonnen u Material fir Feier ze läschen a Medikamenter, genee wéi eng militäresch Hëllef, déi net weider präziséiert gouf.