Invité vun der Redaktioun (8. Februar)Yves Cruchten (LSAP): Endlech kënnt d'Omnibus-Gesetz

RTL Lëtzebuerg
Invité e Mëttwoch de Moien um 10 op 8 war de Rapporter vum Omnibus-Gesetz.
Radio - Invité vun der Redaktioun: Yves Cruchten
Invité e Mëttwoch de Moien um 10 op 8 war de Rapporter vum Omnibus-Gesetz.

11 deels vereelzte Gesetzer an zwee groussherzoglech Arrêtéen ginn domadder ofgeännert, am Juli 2014 scho gouf e Gesetzprojet presentéiert. Haut eréischt gëtt awer iwwert d'Omnibus-Gesetz an der Chamber ofgestëmmt, dat d'Verwaltungsprozedure soll vereinfachen. Endlech seet och de Rapporter Yves Cruchten vun der LSAP.

Invité e Mëttwoch de Moien um 10 op 8 war de Rapporter vum Omnibus-Gesetz.

D'Gesetz geet nämlech u sech zréck op d'Joer 2012, do war eng gréisser Table Ronde vun der deemoleger Regierung an de concernéierten Acteuren. Do ass du gekuckt ginn, wou sinn hei zu Lëtzebuerg Prozeduren, déi immens laang daueren an Investissementer verlangsamen a wéi kann een déi méi séier maachen. D'Konklusioune goufen dunn dovunner gezunn a wou den Dan Kersch Enn 2013 an d'Regierung komm ass, gouf sech direkt mat deem Dossier befaasst a 6 Méint drop, gouf de Projet an der Chamber deposéiert, sou den Yves Cruchten.

Extrait Yves Cruchten

Dat neit Omnibusgesetz soll souwuel Entreprisë wéi Bierger entgéint kommen, an et kënnt nach sou muenches no: Ënnert dem Numm „Einfach Lëtzebuerg“ wäerte jo weider konkret Mesure kommen, déi dem Bierger d'Liewen mat de Verwaltunge soll vereinfachen. De Rapporter Yves Cruchten huet och nach ënnerstrach, datt mam Omnibusgesetz e gudde Kompromëss fonnt gouf tëscht méi einfachen, méi séieren Verwaltungsprozeduren, an dem Recht vun de Bierger, respektiv dem Schutz vun der Ëmwelt.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
Back to Top
CIM LOGO