10. Anniversaire zu LëtzebuergZanter 2015 kënne sech gläichgeschlechtlech Koppele bestueden

Marc Hoscheid
Bei Rosa Lëtzebuerg gesäit een 10 Joer duerno awer nach beim Adoptiounsrecht Loft no uewen.

E Mëttwoch virun 10 Joer war een Dag, op dee wuel eng Partie Koppele scho laang gewaart haten. Zanter dem 1. Januar 2015 ass et gläichgeschlechtleche Koppelen zu Lëtzebuerg nämlech erlaabt, sech ze bestueden. 10 Joer méi spéit ass d’Bestietnis vu gläichgeschlechtleche Koppelen am Grand-Duché absolut akzeptéiert.

10. Anniversaire vum Homosexuelle-Mariage (Reportage Marc Hoscheid)

Dat éischt Bestietnis vun enger homosexueller Koppel, an deem Fall 2 Männer, gouf et direkt den 1. Januar zu Déifferdeng. Den deemolege Buergermeeschter Roberto Traversini huet duerno erkläert, firwat him dat um Häerze louch:

“Fir mech ass et einfach wichteg, ze weisen, datt Déifferdeng eng oppe Stad ass. Dat heiten ass eent vu ville Beispiller, wou ech als Buergermeeschter wëll soen, hei zu Déifferdeng, an iwwerall, et soll een d’Leit huele wéi se sinn, et soll ee mat de Leit sou liewe wéi se sinn. Et ass een Zeechen, dat mer setzen, et ass vläicht ee klengt Zeechen, mee fir mech war et immens wichteg.”

Schonn am Januar 2014 hat déi parlamentaresch Justizkommissioun de Gesetzesprojet ugeholl. Den deemolege Justizminister Félix Braz huet sech dono zefridde gewisen an dorunner erënnert, datt homosexuell Koppelen duerch den Text net just d’Recht kruten, sech ze bestueden.

“Duerch dësen Text gëtt de Mariage opgemaach fir Koppele vu gläichgeschlechtleche Leit an awer och kréien d’Kanner elo d’Recht, adoptéiert ze ginn, sief et eng Adoption simple oder eng Adoption plénière, och vun enger Koppel, déi zesummegesat ass, wéi se dann eben zesummegesat ass, dat heescht gläichgeschlechtlech oder net gläichgeschlechtlech. Dat ass ee grousse Fortschrëtt zu Lëtzebuerg an d’Regierung ass ganz frou iwwer déi Entwécklung an och d’Bestätegung de Moien an der Commission juridique vum politesche Konsens.”

Effektiv war ee sech bal iwwert all d’Parteigrenzen ewech eens. Am Juni 2014 hate 56 Deputéiert fir d’Gesetz gestëmmt, d’ADR war als eenzeg Partei dogéint. De Groussdeel vun den Aarbechten um Text ware schonn ënnert der viregter CSV-LSAP-Regierung gemaach ginn. Am Ufank wollten déi Chrëschtsozial just een Adoptiounsrecht fir Stéifkanner, ma um Enn ass een awer op de Wee vu Blo-Rout-Gréng gaangen. De Rapporter vum Gesetz, Paul-Henri Meyers, hat dat deemools esou erkläert:

“Wann ee seet, gläichgeschlechtlech Partner dierfe sech bestueden, déi hunn dee selwechte Mariage wéi Leit, déi heterosexuell sinn, jo da kann een awer keng Diskriminatioun méi maachen. An ech mengen, datt och dee Problem, deen an der leschter Zäit vun der Adoptioun e bëssi héichgespillt ginn ass, mengen ech ass och wäitgoend iwwerdriwwe gewiescht. Et ass jo awer net sou, datt ee pauschal ka soen, datt all gläichgeschlechtlech Partner net gëeegent wieren, fir ee Kand ze erzéien. Dat muss ee vu Fall zu Fall kucken.”

Den Andy Maar als Member vum Verwaltungsrot vu Rosa Lëtzebuerg, ee Veräin, dee sech fir d’Rechter vun der LGBTIQ-Communautéit asetzt. 10 Joer méi spéit zitt ee bei Rosa Lëtzebuerg ee positive Bilan:

“Also ech géif soen, datt mer schonn eng grouss Akzeptanz hunn. Déi hate mer och deemools, do gouf et jo nach ee Sondage vun RTL zesumme mam Wort, wann ech mech richteg erënneren, dee scho gewisen hat, datt et eng breet gesellschaftlech Akzeptanz dofir gëtt. Mir kënne lo net soen, datt et iergendwou eng grouss Diskriminéierung oder ee Backlash op deem Sujet géif ginn.”

Beim Adoptiounsrecht géingen awer nach eng Partie Ongläichheeten tëscht hetero- an homosexuelle Koppelen existéieren, esou den Andy Maar weider.

“Zum Beispill ass et nach ëmmer sou, datt mer net déi automatesch Eltereschaftsunerkennung bei gläichgeschlechtleche Koppelen hunn. Dat heescht wa lo zum Beispill eng weiblech Koppel ee gemeinsame Kannerwonsch huet, d’Kand ass bis do, da muss deen zweeten Elterendeel och nach eng Adoptiounsprozedur lancéieren, fir dat gemeinsaamt Kand unerkannt ze kréien a mir wëssen alleguerten, datt dat eng gewëssen Zäit dauert.”

Et géing een donieft froen, datt de Gebuertscongé vun 12 Woche fir béid Elterendeeler gëlle soll. Datt an der neier Constitutioun steet, datt all Individuum d’Recht op d’Grënnung vun enger Famill huet, géing iwwerdeems d’Fro no enger altruistescher Leihmutterschaft opwerfen.

Wat d’Zuel vu gläichgeschlechtleche Bestietnisser ugeet, louch déi 2023 mat 47 ee gudde Krack ënnert de ronn 140 aus dem Joer 2015. Sech ze bestuede schéngt also weder bei hetero- nach bei homosexuelle Koppele besonnesch am Trend ze leien.

Back to Top
CIM LOGO