Déifstall, an Auto agebrach an a Buttek geklautZanter e Freideg hunn dräi Jonker hiert Onwiese gedriwwen

RTL Lëtzebuerg
An zwou vun dräi Kéiere goufen dëse Weekend dräi Jugendlecher op dräi verschiddene Plaze wéinst verschiddenen Delikter erwëscht.
© Laurent Weber / RTL (Archivbild)

Ugefaange mat der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg, do haten déi dräi Onéierlech e Foussgänger zu Steesel iwwerfall. Si hunn hie menacéiert a seng Auer geklaut. Nom Virfall gouf no den Onbekannte gesicht.

An där selwechter Nuecht gouf zu Boufer gemellt, dass an en Auto agebrach gouf. Och do gouf et eng Sichaktioun an dräi Verdächteger konnten op der Gare zu Luerenzweiler ermëttelt ginn. Ma knapp hate si d’Police erbléckst, wollte si sech duerch d’Bascht maachen, konnten awer kuerz drop gestallt ginn.

D’Ermëttlungen hunn erginn, dass den Déifstall zu Steesel och op hir Kap geet. Donieft ware si schonn e Freideg an der Stad dobäi erwëscht ginn, wéi si an engem Buttek geklaut haten.

De Parquet gouf iwwer sämtlech Virfäll informéiert. Well et sech ëm dräi Mannerjäreger handelt, gouf decidéiert, si elo mol an der UNISEC ënnerzebréngen.

Back to Top
CIM LOGO