D’Waasserwirtschaftsamt war op der Plaz, fir Prouwen ze huelen an et gëtt och eng Autopsie vun den doudege Fësch gemaach. Et muss een awer nach op d’Resultat vun den Analyse waarden, fir definitiv Gewëssheet ze hunn. Ob eng Verknaschtung deit den Ament näischt hin.
Et gi verschidden Theorie vun engem Mangel un Iessen iwwer e bakterielle Problem, deen duerch méi mëll Wanteren entsteet, heescht et ënnert anerem aus Sportfëscherkreesser. Et muss een awer nach op d’Resultat vun den Analyse waarden, fir definitiv Gewëssheet ze hunn. D‘Sëlwer-Kaarpen sinn iwwerdeems keng heemesch Fëschaart, si goufen an den 90er Joren an de Séi gesat, well se gutt filteren.
Um Iechternacher Séi sinn den Ament Aarbechten am gaangen, fir datt een an engem Deel dovunner schwamme soll kënnen.