PoliceZe héijen Alkoholpeegel - 2 Führerschäiner agezunn
An der Nuecht op e Mëttwoch goufen zu Bieles, respektiv zu Grolënster 2 Automobiliste kontrolléiert, well se duerch hir Fuerweis opgefall waren.
Verëffentlecht: 10.04.19 11:20, Update: 10.12.25 11:44
D'Kontroll sollt sech dann och als gerechtfäerdegt erausstellen. Allebéid haten nämlech däitlech ze vill gedronk. Et gouf all Kéiers e Protokoll geschriwwen an de Führerschäin gouf agezunn.