Maacher-PotaschbiergZe spéit de Stau gesinn, anerem Auto hannendrop gefuer, Materialschued

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg de Moie um 8.51 Auer gouf den CIS Gréiwemaacher wéint engem Accident op der Streck tëscht Gréiwemaacher an dem Potaschbierg alarméiert.
© cisgm

Ee Chauffer hat ee klenge Stau op der Kräizung fir op Uewerdonwen ze spéit bemierkt an ass engem aneren Automobilist hannendrop gefuer. Deen ass an de Gruef geschleidert ginn. Et ass vill Materialschued entstan.

Op der Plaz waren den CIS Maacher-Mäertert, den CIS Réimech an d'Maacher Police.

Back to Top
CIM LOGO