
Zanter ronn 80 Joer stoung um Belair eng sougenannten Himalaya-Zeder, Fachbegrëff Cedrus Deodara. Ma Enn Juni waren d’Deeg vum Bam gezielt an e gouf ewechgeholl. Op Nofro bei der Stater Gemeng war et d’Erklärung, datt de Proprietär vum Grondstéck niewendrun d’Gemeng reegelméisseg kontaktéiert hätt, fir d’ Äscht vum Bam liicht zeréckzeschneiden. Dat hätt een och gemaach.
Ma am Joer 2022 huet de Mann d’Gemeng du gefrot, fir d’Zeder ewechzehuelen, well hien der Meenung war, datt se Schied u sengem Haus verursaache géing. Dëst hätt hien awer net beweise kënnen an dowéinst wier d’Gemeng där Fuerderung och net nokommen. Op Basis vun engem Geriichtsurteel vum 26. Abrëll 2023 gouf d’Stad Lëtzebuerg verflicht, d’Äscht vum Bam bis un d’Grenz vum Grondstéck vum Noper zeréckzeschneiden. Dat hätt allerdéngs zur Konsequenz gehat, datt d’Stabilitéit vum Bam an domat och d’Sécherheet vun de Foussgänger net méi garantéiert waren. Dowéinst hätt ee sech dozou decidéiert, de Bam ganz ewechzehuelen.

Am Virfeld hat d’Gemeng beim Ëmweltministère nogefrot, ob d’Zeder ënnert Schutz stoe géing. D’Äntwert war, datt dës Zort vu Bam net ënnert Schutz steet. Weider Mesuren, fir de Bam ze schützen, hätt d’Gemeng net kënnen huelen. D’Aarbechte fir de Bam ewechzehuelen, goufe vum Service Parcs vun der Stad Lëtzebuerg duerchgefouert. Aktuell befënnt de Bam sech dann och am Depot vum Service Parcs. Wéi d’Gemeng präziséiert, wäert de Service Forêts d’Holz recuperéieren fir et ze verwäerten. Et soll ënnert anerem “Mobilier urbain” doraus gemaach ginn.